Search

You may also like

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten
Neiegkeeten

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten

Um Sonndeg hunn d‘Schweden hir Kandidate fir d‘Parlament gewielt. Wann

Lëtzebuerg als Kandidat beim Rot vun de Mënscherechter
Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Kandidat beim Rot vun de Mënscherechter

Passend zum internationalen Dag vun de Mënscherechter, dee gëschter stattfonnt

Ukraineschen EM-Trikot suergt fir Gedauschs
Neiegkeeten

Ukraineschen EM-Trikot suergt fir Gedauschs

E Freideg fänkt d‘Fussball Europameeschterschaft un, a well et de

Restopolis an der Kritik

Ass d‘Kantin an der UNI zu Belval ee Restaurant fir jiddereen?

Restopolis an der Kritik

Streng geholl, ass d‘Entreprise „Food House“, déi vu Restopolis (ee Staatsbetrib) bedriwwe gëtt, de Studenten an de Mataarbechter vun der Universitéit Lëtzebuerg virbehalen. Dës Populatioun dierf trotz Covid19-Pandemie an allgemenger Schléissung vum Horesca-Secteur, weider am Restaurant vun der Universitéit iessen. An eigentlech sollten och just „si“ dat dierfen…

Elo schaffen awer vill Leit op Esch-Belval, och ganz vill „Beamten“ oder därer déi sech derfir halen an déi hunn, wie wonnert et, an der Mëttegstonn och Honger. Si appreciéieren déi Offer vum „Food House“ a begréissen et, datt hei kee Gedeessems gemaach gëtt. Wien keng Kaart vun der Uni huet, muss just ee klenge Supplement an der Kees berappen, an dann ass et och scho gutt.

Laut dem Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, suergt dat vir zolidd Onrou an et ass, esouwäit kann een dem Mann zoustëmmen, eng Ongläichbehandlung déi sengesgläichen nach sicht. „Dat ass schlicht inakzeptabel, wou eis jo rezent verbuede ginn ass d‘Terrassen nees opzemaachen“, esou de Generalsekretär, dee bedauert datt et ee Staatsbetrib ass, dee géint d‘Reegele verstéisst.

Bei Restopolis war ee ganz „erstaunt“ vun der Virgoensweis am „Food House“ ze héieren an eis géinteniwwer wollt een dozou keng Stellung huelen. Géintiwwer de Kolleege vum Essentiel huet d‘Direktesch Monique Ludovicy erkläert, dat si sech deem Ganzen net bewosst gewiescht wier. Laut der aktueller Reegelung wier kloer, datt nëmme Studenten a Mataarbechter et notzen dierfen.

De „Food House“ wier zudeem ni drop ausgeluecht ginn, als „Restaurant fir de ganze Quartier Belval“ ze déngen. Dës Funktioun erfëllt de Restaurant och elo net, bezunn op d‘Aart vun der Clientèle déi hei empfaange gëtt, vu datt primär Mënschen aus dem Staatsdéngscht dës Offer ze appreciéiere wëssen, awer net grouss Reklamm maachen. Déi mussen sech elo nees ëmstellen.

Selbstverständlech wäert sech Restopolis un d‘Reegelen halen an ëmmer do Korrekture virhuelen, wou kleng Ofwäichungen opfalen. Firwat et elo – wa scho Restauratioun am grousse Stil bedriwwe gëtt – dës Geleeënheet net genotzt gouf, fir festzestellen, wéi héich den Infektiounsrisk an engem Restaurant tatsächlech ass, an/oder ob all d‘Sécherheetsmesure vu „Safe 2 Serve“ net awer wierken.

Illustratioun: Hans Braxmeier / pixabay

Related topics Food House, François Koepp, HORESCA, Monique Ludovicy, Quartier Belval, Restopolis, Universitéit
Next post Previous post