Search

You may also like

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:
Neiegkeeten

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:

Aarbechtsmigrante stellen am arabeschen Emirat Katar 95% vun alle Beschäftegten

En neie Pilotprojet bei de Garden ab dem 1. September 2020
Neiegkeeten

En neie Pilotprojet bei de Garden ab dem 1. September 2020

Nom positive Bilan vun der Aféierung vun enger drëtter Linn

money
De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen
Neiegkeeten

De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen

Wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, gerode vill

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

déi lénk hunn en Donneschdeg e Gesetzprojet agereecht mat deem d‘Retentioun vu Mannerjärege soll verbuede ginn

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm dat neit Covid19-Gesetz gaangen, mee et gëtt och soss Interessantes, dat een der Ëffentlechkeet net virenthale sollt. Mat hirem Gesetzprojet hunn déi lénk e wichtegen Thema an Ugrëff geholl, deen eis en ëffentlechen Debat sollt wäert sinn.

Aus der Argumentatioun vun der déi lénk: „Et geet drëms endlech dem Wuel vum Kand nees dee Stellewäert zouzeschreiwen, esou wéi dat vun nationalen an internationalen Organisatiounen erwënscht a vun der internationaler Konventioun vun de Kannerrechter gefuerdert gëtt“. Lëtzebuerg huet d‘Konventioun 1993 ratifizéiert, schéngt sech awer net iwwerwonnen ze kréien se ëmzesetzen.

Vun de villen Organisatiounen, déi sech géint eng Retentioun vu Mannerjäregen asetzen, gëtt dann och nach emol drop higewisen, datt esou eng „Verwaltungshaft“ géint d‘Rechter vum Kand verstéisst. Si verweisen op de Fait, datt esou en „aspären“ een traumatescht Erliefnes ass an et dozou genuch wëssenschaftlech Etüden a Publikatioune gëtt. Mee wie liest schonn eppes…

Et wier schonn ee Fortschrëtt, wann déi zoustänneg Instanzen sech domadder géife beschäftegen, well déi mental Gesondheet vun der Kanner ze beanträchtegen, kann net derzou bäidroen, datt et besser Mënsche ginn. Mat der Retentioun gëtt folgerichteg méi Schued ugeriicht, wéi ee versicht mat der Bestrofung ze reparéieren, an dat huet och laangfristeg éischter negativ Folgen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et een esou e Retentiounszenter a seng Aufgab besteet doranner, Mënschen ze hebergéieren, déi vun enger Placement-Mesure betraff sinn. Laut dem Gesetz betreffend den internationalen an temporäre Schutz, dierfe Mannerjäreger nëmmen an allerleschter Konsequenz, an och dann nëmme wann erwisen ass dat aner koerzitiv Mesuren net effikass applikabel sinn.

D‘Retentioun muss dann och zäitlech streng begrenzt sinn, woubäi onbegleete Mannerjäreger och nëmmen dann a Verwaltungshaft geholl kënne ginn, wann d‘Ëmstänn „exzeptionell“ sinn. Laut der déi lénk awer, wier d‘Retentioun éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam, firwat si hoffen, mat dësem Gesetz Ännerungen erbäiféieren ze kënnen. Dofir misst d‘Gesetz dann awer nach ugeholl ginn.

Et wäert wuel kaum méiglech sinn dëst Gesetz duerchzekréien, mee zumindest kann iwwert dëse Wee den dréngend noutwennegen Debat an der Ëffentlechkeet gefouert ginn. Déi lénk weisen zudeem drop hinn, datt et Alternative gëtt an esouguer am Koalitiounsprogramm d‘Schafe vun enger „hallef-oppener“ Struktur fir Frae, vulnerabel Persounen a Famillje virgesinn ass.

Domadder wier de Gesetzprojet vun déi lénk jo eigentlech och voll a ganz am Aklang mat deene Virgaben, déi sech d‘Majoritéit selwer an de „Programm“ geschriwwen huet. Leider funktionéiert Politik eppes anescht, an aus Prinzip, net wëll de Gesetzprojet schlecht wier, wäert d‘Majoritéit déi richteg Wierder fannen, mat deenen si eis erkläert, firwat een esou ee Gesetz net stëmme kann.

Illustratioun: Retentioun huet näischt mat „Verbriechen“ ze dinn, wëll stroffälleg jugendlecher ginn och weiderhin am „pedagogeschen Zenter“ zu Dräibur ënnerbruecht. Hei geet et virun allem drëms sech Kanner ze entleedegen, well een net Amstand ass adaptéiert Strukturen ze schafen, wou sech wierklech ëm déi Mannerjäreg géif kënne gekëmmert ginn. © Monika P / unsplash

Related topics déi lénk, Gesetzprojet, Kannerrechter, Retentioun, Verwaltungshaft
Next post Previous post