Search

You may also like

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat
Neiegkeeten

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat

Während zwou an eng hallef Stonn stoungen sech gëschter Owend

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
Neiegkeeten

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Um Méindeg huet d‘EU Sanktioune géint politesch Leader vum Venezuela

Henri Kox, ee Minister hannert der Police
Neiegkeeten

Henri Kox, ee Minister hannert der Police

Och an der Politik hat et Zäite ginn, wou Mënsche

Rethink your Clothes: Fir en nohaltegen an etheschen Textilsecteur zu Lëtzebuerg

Rethink your Clothes: Fir en nohaltegen an etheschen Textilsecteur zu Lëtzebuerg

Den Zesummebroch vun der Rhana Plana zu Bangladesch am Joer 2013 huet nohalteg d’Käpp vun de Moudekonsumente gepräägt. Ënnert den 1.134 Doudeger an 2.500 Blesséierte vun dësem trageschen Accident, waren gréisstendeels Aarbechter*innen, déi Kleeder fir bekannte Marken hiergestallt hunn. Domat ass d’Rana Plaza zum Symbol fir de Fast Fashion-Mëssbrauch ginn. Et goufen nawell vill global Initiativen ausgeléist.

An dësem Kontext huet d’Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an den humanitären Aktioune vum Ausseministère den ONGen Fairtrade Lëtzebuerg a Caritas Lëtzebuerg en zweet Mandat erdeelt, an zwar fir d’Campagne „Rethink your Clothes“ zu Lëtzebuerg ze leeden.

Rethink Your Clothes
Rethink Your Clothes / Facebook

Vu Bangladesch an Ethiopien – d’Textilindustrie a Covid-Zäiten

Och wann d’Bewosstsinn fir d’Produktioun vun Textilien a Kleedung gewuess ass, et huet sech wéineg verännert. Aus dem Drama ëm d’Rana Plaza gouf keng Léier gezunn. Fast Fashion ass en Geschäftsmodell, wat dominéiert – ausserdeem sëtzt se un der Quell vu villen Funktiounsstéierungen an der Textilindustrie. Zwangsaarbecht a Kanneraarbecht sinn nach ëmmer staark present.

Dofir ass d’Suizidtaux bei Kottengsbaueren an Indien besonnesch héich. Si maache Scholden, fir d’Käschte vun der Produktioun ze decken an fir d’Nofro vum Marché befriddegen ze kënnen. Pro Joer beginn eleng an Indien, am Staat Telangan 20.000 Kottengbauere Selbstmord.

Dobäi kënnt nach, datt vill Textilaarbechter schwéier vun den Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie betraff sinn. Vill Eenzelhändler hunn hir Bestellunge stornéiert. Net nëmmen dat, si hunn sech souguer geweigert fir hier Produktiounen ze bezuelen.

Aarbechter ginn entlooss, Fabricke maachen d’Dieren zou. Eleng zu Bangladesch, vu véier Milliounen Aarbechter an der Textilindustrie, sinn elo 2,27 Millioune Leit ouni Loun an ouni Zoulagen. Des weideren hunn international Firmen ugefaangen, hier Textilproduktioun an aner Länner wéi Ethiopien ze verlageren. Stänneg op der Sich no bëllegen Aarbechter a manner strenge soziale Virschrëften. Zënter der Grënnung vun dësen Entreprisë louch den duerchschnëttleche Wuesstem vun Textilsecteur 51%.

Rethink Your Clothes
Rethink Your Clothes / Facebook

A genee dofir ass “Rethink your Clothes” sou wichteg. Et ass e Wee an d’Richtung nohalteg an ethesch Moud. Ënnert dem Motto “Iwwerdenkt Är Kleedung” soll d’Bewosstsinn fir sozial Theme geschäerft ginn an zur Fërderung vun engem nohaltegen an etheschen Textilsecteur zu Lëtzebuerg bäigedroen ginn.

Fairtrade Lëtzebuerg sensibiliséiert Verbraucher a kläert Entreprisen an ëffentlech Verwaltungen iwwert d’Auswierkunge vun hiren Akeef an op d’Liewe vu Kottengbaueren op.

Kotteng aus fairem Handel bitt wirtschaftlech, sozial an ökologesch Léisungen. E garantéiert e fairt Akommes a mënschewierdeg Aarbechtsbedéngungen. Natierlech Ressourcë gi geschount an d’Gesondheet vun de Gemenge geschützt. Des weidere stäerkt et kleng Produzenten an erméiglecht hinnen a Projeten ze investéieren.

2018 huet Fairtrade mat 45.576 Kottengproduzenten zesummegeschafft. Fir dës positiv Auswierkungen am Süden ze verstäerken, wëll Fairtrade Lëtzebuerg d’Offer vun zertifiéierte Produkter um lokale Marché ausbauen.

Ongeféier 25 Acteure bidden zu Lëtzebuerg zertifiéiert Kleedung an Accessoirë fir Privatclienten a Profien un. D’Caritas Lëtzebuerg schafft dorunner, den Iwwerkonsum ze reduzéieren. Do schwätzen d’Zuele fir sech: E Groussdeel vun den 9,5 Milliounen Tonne vun Textilien, déi EU-Bierger all Joer kafen, ginn ewechgehäit, ier si ee Joer um Bockel hunn. Iwwer 30% vun de Kleeder, déi an eisem Schaf hänken, gouf zënter engem Joer net ugedoen.

Dësen Däiwelskrees muss gebrach ginn. A wéi?

Andeems mir manner kafen, zum Beispill. Impulsiven Akeef widderstoen. Oder eis Kleedung fleegen, se flécken an ausbesseren. Se duerch Upcycling verwandelen, aplaz ze an d’Dreckskëscht ze schmäissen. Kleeder tauschen oder Second-Hand kafen ass och eng Alternativ.

Rethink Your Clothes
Rethink Your Clothes / Facebook

Wann ee méi verantwortungsbewosst wëll sinn, sinn dës Virschléi einfach ëmzesetzen, just den Ufank, d’Ëmstellung ass schwéier. An dësem Kader gi verschidden Evenementer a Sensibiliséierungsinitiativen organiséiert, déi ënnert anerem de Waasserverbrauch, de Mikroplastik an d’Ethik vun der Textilindustrie an de Virdergrond setzen.

Weider Informatioune fannt Dir op rethink.lu.

Related topics Bangladesch, Caritas Lëtzebuerg, Fairtrade Lëtzebuerg, Fast Fashion, Indien, Kottengsbaueren, Produktioun, Rethink Your Clothes, Rhana Plana, Scholden, Suizid, Textilsecteur, tragescht Accident
Next post Previous post