Search

You may also like

D’Woch vum Lëtzebuerger Patrimoine vun de Rousen am Topaze
International Neiegkeeten

D’Woch vum Lëtzebuerger Patrimoine vun de Rousen am Topaze

Vum 9. bis den 12. September 2020 invitéiert d’Asbl Patrimoine

De Wunnengsbauministère an de Bureau vum Syvicol
International Neiegkeeten

De Wunnengsbauministère an de Bureau vum Syvicol

Gëschter huet d’Wunnensbauministesch Sam Tanson d’Representante vum Syvicol empfaangen. Thema

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet
International Neiegkeeten

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS)

Rettungsschëff dierf Sizilien ulafen

D‘Rettungsschëff Ocean Viking, dat vun der ONG SOS-Méditerranée bedriwwe gëtt, dierf elo mat senge 572 aus Séinout gerette Flüchtlingen, den Hafe vun Augusta op Sizilien ulafen

Zanter ee Méindeg huet d‘Crew vun der Ocean Viking op d‘Zouweisung vun engem sécheren Hafe gewaart. Wéi gewinnt a wuel och wëll et seriéis politesch Grënn huet, hunn natierlech weder déi italienesch nach déi maltesesch Autoritéite reagéiert. Dëse wier et jo bekanntlech am léifsten, wann et keng Rettungsschëffer hätt, a mat Verzögerunge kann een och Schued uriichten.

Et huet also nees missen zu Bréissel intervenéiert ginn, wou et anscheinend nach Politiker huet, déi sech nach u gewësse Wäerter erënneren, mat deenen d‘EU-Diplomatie sech jo gären op der ganzer Welt als eng Gesellschaft vun Humaniste presentéiert. Et gouf also nees taktéiert a verhandelt, fir jo awer d‘Mënschen zu gudder Lescht u Land ze loossen. Firwat dee ganze Stress, kann ee sech Froen.

Ocean Viking

Säitens SOS Méditerranée an der Crew vun der Ocean Viking ass ee jiddefalls emol zefridden elo den Hafe vun der sizilianescher Küstestad Augusta ulafen ze dierfen, wou d‘Leit u Land dierfen. U Bord vun der Ocean Viking hunn d‘Flüchtlingen – ënnert hinnen 183 mannerjäreg Kanner – ënner Dehydratioun an Erschëpfung gelidden, zudeem gehéiert et sech de d‘Leit eppes z‘Iessen ze ginn.

Europäesch Asylpolitik

Wann dann elo d‘Tortur fir d‘Flüchtlingen an d‘Crew eriwwer ass, esou ass de Problem mat der Migratioun iwwert d‘Mëttelmier net geléist. Zanter Joren heescht et, datt d‘EU eng allgemeng gülteg Asylpolitik brauch. Et sollt weder Italien nach soss ee Land mat den aus dem Mier gerette Flüchtlingen eleng gelooss ginn, et bréicht fir esou „Aktiounen“ Pläng a Mesuren… Mee nee.

Dobäi ass d‘Ocean Viking aktuell dat lescht Rettungsschëff – Frontex a libesch Küstewaach hu jo ewell den Uerder op d‘Nossschuelen ze schéissen – dat nach am Mëttelmier aktiv ass. Aner Schëffer gi vun den Autoritéite mat fantastesche Begrënnunge festgehalen. De politeschen Drock an engem sech nees dem Faschismus zouwennenden Europa, muss net emol grouss sinn. D‘Beamten hunn nämlech guer kee Problem Mënschen erdrénken ze loossen, si mussen d‘Invasioun ophalen.

An esou sinn dëst Joer schonn (offiziell) eng 900 Mënschen am Mëttelmier erdronk. Honnertem si vun der libescher Küstewaach ofgefaangen an a Lager gestach ginn. Wien d‘Libyer net kritt hunn, an net ersoff ass, gouf vu Frontex zréck an d‘Mier gedréckt (Pushback). Dat muss hei betount ginn, wann eng EU-Kommissioun sech op Rechtsstaatlechkeet a Respekt vun de Mënscherechter berifft.

mat indymedia/cta

Fotoen: © SOS Méditerranée

Related topics Asylpolitik, Augusta, Mëttelmier, Migratioun, Ocean Viking, Sizilien, SOS Méditerranée
Next post Previous post