Search

You may also like

Positiv Signaler aus de mäerdereschen USA
International Neiegkeeten

Positiv Signaler aus de mäerdereschen USA

Si wëllen d‘Doudesstrof am US-Bundesstaat Virginia ofschafen, den Ex vum

money
BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft
International Neiegkeeten

BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft

Zanter 2017 hunn d‘BIL an „The Office“ esou eppes wéi

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus
International Neiegkeeten

Beirut: S.A.R. de Groussherzog dréckt säin déifst Bäileed aus

No der Explosioun zu Beirut huet S.A.R. de Groussherzog Henri

D’Reunioun zur nuklearer Sécherheet Nr. 17!

D’Reunioun zur nuklearer Sécherheet Nr. 17!

Déi franséisch-lëtzebuergesch Kommissioun zur nuklearer Sécherheet huet um 4. Abrëll hir 17. Reunioun zu Lëtzebuerg organiséiert. Déi lëtzebuergesch Delegatioun huet aus Representante vum Aussen- an Europaministère, der Divisoun fir Radioprotektioun (DRP), dem Gesondheetsministère, dem Inneministère an dem Kommissariat fir den nationale Schutz (HCPN) bestanen. Vu franésischer Säit waren Autoriéite vun der nuklearer Sécherheet (ASN), dem Aussen- an Europaminister an der Prefektur vun der Musel mat dobäi.

An engem éischte Schrëtt huet déi lëtzebuergesch Delegatioun seng Suergen zur Funktioun vun dem Atomkraaftwierk zu Cattenom, no un der Lëtzebuerger Grenz, ausgedréckt. Den Echange tëscht den Delegatiounen huet sech uschléissend op déi läscht Entwécklungen am Beräich vun der nukleaer Sécherheet an der Radioprotektioun, de Bilan vum Joer 2018 a Saache Sécherheet, Radioprotektioun an dem Ëmweltschutz, souwéi d’Perspektive fir dëst Joer, konzentréiert.

Uschléissend hunn d’Gespréicher sech ëm d’Orientatioun vum Programmatiounsprojet vun der Energie, den iwwert e puer Joer leeft (PPE), gaangen. An dësem Kontext huet Lëtzebuerg säi Wonsch geäussert un den ëffentleche Konzentratioune bedeelegt ze ginn, sou wéi och déi periodesch Kontrollen an de franséische Reakteren un der Grenz.

An engems ass och no de Gestiounsstrukture vun der Kris um nationalen Niveau gekuckt ginn, sou wéi och no de Moossnamen zur Noutfallkommunikatioun tëscht béide Länner. Frankräich huet seng läscht Entwécklunge beim Interventiounsplang (PPI) vu Cattenom virgestallt, wou och d’Informatiounscampagne dozou gehéiert, wat een an engem Noutfall maache muss, wéi och d’Verdeele vu Jodpëllen. Frankräich a Lëtzebuerg wëllen och an Zukunft enk zesumme schaffen, wann et ëm d’Atomkraaftwierker an direkter Géigend vu Lëtzebuerg geet.

Déi nächst Reunioun ass fir de 5. Februar 2020 a Frankräich virgesinn.

Opmaacherbild: © Bassaar

Related topics Atomkraaftwierk, Cattenom, Frankräich, Radioprotektioun
Next post Previous post