Search

You may also like

Avengers: Infinity War iwwerrascht een, mee huet och e puer Schwächten
Neiegkeeten

Avengers: Infinity War iwwerrascht een, mee huet och e puer Schwächten

Déi lescht puer Filmer aus dem Marvel Cinematic Universe waren

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen
Neiegkeeten

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen

Laut dem Policebericht, ass e Freidegmoie géint hallwer néng, eng

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Start-Up Xtramile: Elo och zu Lëtzebuerg

D’Start-Up Xtramile, déi technologesch Léisungen ubitt, gouf 2015 (zu Metz)

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus dem RMG (Garantéiert Mindestakommes) de REVIS (Akommes fir déi sozial Aglidderung) soll maachen, net wierklech zefridden. Dat Gesetz, datt Enn Januar 2017 virgestallt gouf, hätt wuel vill Positives, leider awer och Negatives.

An engem Communiqué huet d‘Caritas sech dësem Gesetz nach emol ugeholl, an ass op déi ënnerschiddlech Punkten agaangen. Et gëtt sech bei der Caritas dann awer och gefreet, datt vill vun hire Virschléi konnte berécksiichtegt ginn. Leider géif de Projet vun der Regierung net wäit genuch goen, an et hätt ee Proposen déi dat kéinten opfänken.

Esou ass d‘Caritas iwwerzeegt, datt een d‘Fraise vun de Menagen, entspriechend senger Gréisst an Zesummestellung muss erhéijen, esou wéi et d‘OECD-Standarde virgesinn. Fir d‘Caritas hätt d‘Berécksiichtegung vun den OECD-Standarden en duebele Virdeel.

D‘Rechnung ass séier gemaach

Engersäits erhéicht sech d‘Mindestakommes vun de Familljen, besonnesch wann et Kanner am Stot gëtt. Anersäits géifen d‘Ënnerscheeder bei der Gréisst an der Zesummestellung vun de Menage berécksiichtegt ginn. Mat der unerkannter OECD-Method wier et méiglech eng méi gerecht Bewäertung vun de Menagen ze erreechen.

Caritas huet dann och mat der OECD-Tabell gerechent an erausfonnt, datt de Montant vum „OECD-Caritas REVIS“ de Familljen entgéint kënnt. Hei hätt e wuel dräi Stotzesummesetzungen déi och weiderhi penaliséiert géifen, mee et wiere keng Famillje mat Kanner betraff.

Wat den Amendement betrëfft, deen eng Verbesserung vu Famillje mat Kanner, am Kader vun de gemeinsamen Ausgaben, soll erbäiféieren, esou weist sech d‘Caritas erstaunt. D‘Caritas ass der Usicht, datt dës Majoratioun an héicht vu 15%, déi duerchaus begréisst gëtt, net verdäitlecht ass.

An hirem Communiqué huet sech d‘Caritas dann och iwwerzeegt gewisen, datt e Forfait fir déi gemeinsam Fraisen, entspriechend der Tabell vun der OECD besser un d‘Besoine vun de Familljen ugepasst wier. Op d‘Propose vun der Caritas vum Familljeministère berécksiichtegt ginn ass nach net gewosst.

Related topics Caritas, Familljeministère, REVIS, RMG
Next post Previous post