Search

You may also like

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU
Neiegkeeten

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU

Bei enger Videokonferenz vun den europäeschen Ausseministeren vun den däitschen

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik
Neiegkeeten

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik

De Protest géint dat „politescht“ Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff zu

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun
Neiegkeeten

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun

Et ass eng bescheide Commemoratioun, déi haut a Russland dem

Haut um 19 Auer: Digital Presentatioun zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

Haut um 19 Auer: Digital Presentatioun zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d’Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Präsenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.

Si kënne live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn:

  • Mëttwochs den 9. Dezember 2020 – Regioun Hesper*

De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d’E-mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.

Esou wäit ewéi méiglech ginn d’Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der zevill sinn, esou géifen d’Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert.

Eng Iwwersetzung op Franséisch ass assuréiert.

*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.

Matgedeelt vum Mobilitéitsministère

Related topics Bus, Digital Presentatioun, Ëffentlechen Transport, Froen, Reorganisatioun, RGTR-Reseau, Transportministère
Next post Previous post