Search

You may also like

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis
Neiegkeeten

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis

Ab dem 8. September erreechen Summer, Strand a Mier d’Kinoen

Australier fir d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnis
Neiegkeeten

Australier fir d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnis

Laut den offizielle Resultater vun enger postalescher Consultatioun, hunn d‘Australier

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger
Neiegkeeten

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger

Gëschter huet nees déi parlamentaresch Kommissioun vun den Institutiounen an

Gutt informéiert sinn ass essentiell

Gutt informéiert sinn ass essentiell

Richteg a gutt Informéiert sinn, wann et ëm de Covid19-Impfstoff geet, dat wënscht sech jo den Ament all Mënsch. Am Netz gëtt et jo vun allem, leider wéineg Brauchbares dann awer nees vill Widderspréchleches. Fir deem ze begéinen hu se sech am Grupp Spideeler Robert Schumann elo zesumme mat „Santé Services S.A.“ entschloss eppes Opklärung ze bedreiwen.

Béid Gesondheetsacteure wëllen domadder der grousser Demande, no kloren a verständlechen Informatiounen zu den Impfstoffer, nokommen. Fir dat ze bewierkstellegen, organiséieren dës „Acteuren“ de 5. Januar ee sougenannte Webinar fir de grousse Public. Wärend enger Stonn wëll den Dokter Gerard Schockmel den interesséierte Persounen op déi heefegst gestallte Froen eng adequat Äntwert ginn.

informéiert

Dësen Onlineseminaire riicht sech un déi ganz Bevëlkerung (also zumindest déi wou en Internet-Uschloss an e Computer, Laptop, Tablett oder ee Smartphone huet). De „Webinar“ gëtt an der Landessprooch (Lëtzebuergesch) an der administrativer Sprooch (Franséisch) ofgehalen. Wien sech fir de Webinar ugemellt huet, ka seng Fro(en) schrëftlech am Chat aginn. Fir deelzehuele muss ee sech allerdéngs umellen.

  • De Webinar fënnt Statt de 5. Januar vun 18.30 bis 19.30
  • Fir sech anzeschreiwen, w.e.g. op dëse LINK klicken

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Pandemie, Dokter Gerard Schockmel, Grupp HRS, Santé Services S.A.
Next post Previous post