Search

You may also like

Déi ierfgroussherzoglech Koppel erwaart hiert éischt Kand!
Neiegkeeten

Déi ierfgroussherzoglech Koppel erwaart hiert éischt Kand!

Wéi de groussherzoglechen Haff elo matgedeelt huet hunn de Groussherzog

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng
Neiegkeeten

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng

De 24. Januar, huet de Gesangsgrupp CASA (Centro de Apoio

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz
Neiegkeeten

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz

Haut kënnt et am britesche Parlament nees zur Ofstëmmung iwwert

Ride2Go – Mat Covoiturage géint de Stau

Ride2Go – Mat Covoiturage géint de Stau

Europäesch Automobil-Clibb wëllen ee länneriwwergräifend Pendlernetz a Lëtzebuerg, der Schwäiz, Däitschland a Frankräich schafen.

Beruffspendler ginn all Dag op hirem Wee op Aarbecht mat laange Waardezäite konfrontéiert. Dat steigend Verkéiersopkommes beanträchtegt mëttlerweil och Grenzregiounen. Fir den europäesche Pendlerverkéier ze entlaaschten huet den ACL zesumme mat Partner-Clibb an Däitschland (ADAC), Frankräich (ACA) an der Schwäiz (TCS) eng nei Initiativ gestart.

Um jeeweilegen Internetportal ginn ab elo Vermëttlungsplattforme fir Covoiturage ugebueden. Ziel ass et d’Beruffspendler, déi meeschtens eleng am Auto ënnerwee sinn, eng onkomplizéiert Méiglechkeet zum Covoiturage ze erméiglechen. Doduerch ginn d’Stroossen entlaascht, zousätzlech Parkplazen entstinn an Oofgaasemissioune gi reduzéiert.

Déi véier Clibb gräifen op eng eenheetlech, europawäit Datebank zou. D’Notzung vum Pendlernetz ass fir jiddwereen, sief et Ubidder oder Matfuerer, méiglech, och ouni Member am Automobilclub ze sinn.

Wien allerdéngs Member ass a sech als Chauffeur ubitt sollt dëst och uginn, fir sou eng zousätzlech Sécherheet am Fall vun engem Problem ze schafen.

Portal fir de Covoiturage soll gratis bleiwen

De Präis fir d’Mathuele maachen de Chauffeur a Matfuerer ënnert sech aus. Eng aner Méiglechkeet ass, datt sech d’Leit am Auto ofwiessele mat fueren an esou Bezuelung entfält.

Unhand vun engem „Like“-System kënne Matfuerer de Chauffeur als gutt bewäerten, wann den hiren Erwaardungen entsprach huet oder och ee Mëssbrauch mellen.

D’Automobils-Clibb ënnersträichen, datt si mat dëser Offer keng kommerziell Interesse verfollegen, mee un all mobil Mënschen appelléieren, duerch de Covoiturage ee flächendeckend Netz opzebauen.

Méi Infoe fannt Dir ënnert: www.acl.lu/covoiturage

Related topics ACL, Covoiturage, Fuergemeinschaft, Ride2Go, Stau
Next post Previous post