Search

You may also like

Bare Brewing mam „Lawn Mower“ – Eng Méimaschinn fir de Comptoir
Meenung Neiegkeeten

Bare Brewing mam „Lawn Mower“ – Eng Méimaschinn fir de Comptoir

Datt engem richtege gudde Béier och de passenden Numm muss

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt
Meenung Neiegkeeten

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt

Nach huet den Donald Trump säi Mandat als President vun

Antidopping-Kontroll trotz Covid19
Meenung Neiegkeeten

Antidopping-Kontroll trotz Covid19

Opgrond vun der Covid-19 Pandemie huet ALAD seng Aktivitéiten am

D‘Ried vum LCGB-President zum 1. Mee

D‘Ried vum LCGB-President zum 1. Mee

Léif Kolleeginnen an Kolleegen,

Ech begréissen Iech zu dësem 2. digitalen 1.Mee. Et ass, grad ewéi d‘läscht Joer, e ganz speziellen 1.Mee. De Corona-Virus huet eist Land, seng Leit, eis Ekonomie, am Fong eist ganzt Liewen, op d’Kopp geheit an mir hunn eist Verhale missen deementspriechend Upassen.

Den LCGB huet sech vun Ufank un an dëser Gesondheetskris 2 Prioritéite ginn:

  1. Déi éischt ass ganz kloer de Schutz vun der Gesondheet vun de Salariéen an hire Familljen.
  2. Déi zweet ass d’Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéen, well dës sanitär Kris eng schwéier ekonomesch Kris mat sozialer Casse riskéiert no sech ze zéien.

Haut, elo en deckt Joer nodeem mir alleguerte vum Corona-Virus getraff ginn sinn, ass d’Hoffnung erlaabt, datt dës Kris, wat hier gesondheetlech Aspekter ugeet, geschwënn gepackt kéint ginn. De Vaccin, d’Impfcampagne ass eis eenzeg a beschte Sortie aus dëser sanitärer Kris. Villes ass geschitt, a Rekordzäit sinn Tester an e Vaccin entwéckelt ginn.

Sozial Distanz, Maskeschutz, Hygiène an aner Reegele sinn ausgeschafft an op de Wee bruecht ginn, fir eist Liewen ënnert méi schwierege Konditioune kënne weiderzefeieren, an fir eis géigesäiteg a solidaresch géint eng Ustiechung ze schützen. Dës Kris huet eis virun Ae gefouert, wéi vulnerabel eis Gesellschaft ass.

Dës Kris huet eis och virun Ae gefouert, ewéi kleng a verlooss mir als eenzele Mënsch, awer och als Land, virun esou enger globaler Katastrophe sinn, a wéi wichteg d’Solidaritéit a gemeinsaamt zilgeriicht Handelen ass. Als Eenzelen andeems mir d’Gestes Barrières anhalen, Masken droen an een op deen aneren oppassen. Dat gëllt besonnesch fir ons eeler, vulnerabel Leit, awer net nëmme fir Sie, well och jonk Leit kënnen duerch dëse Virus schwéier krank ginn.

Als klengt Land heescht datt ganz kloer, datt mir ouni d’Europäesch Unioun esou eng Erausfuerderung guer net méi kënne packen. Dofir musse mir déi richteg Conclusiounen aus dëser Kris zéien. Den LCGB fuerdert dofir d’Stäerkung vun der Europäescher Unioun, well op globalem Niveau déi eenzel europäesch Länner net déi kritesch Mass opbréngen, fir an dëser Ausnamesituatioun kënnen ze bestoen.

Doriwwer eraus ass a Krisenzäiten e gemeinsaamt, konzertéiert a solidarescht Handele vun der EU onbedéngt néideg. National Alleingäng, ewéi d’Fermeture vun de Grenzen, hunn d’Situatioun absolut net verbessert, mee am contraire, nach verschlëmmert.

Den LCGB fuerdert fir d’EU-Kommissioun nei Kompetenzen am Beräich vun der Santé, well dës Pandemie en Ëmdenke muss no sech zéien. Gesondheet an d’Gesondheetspolitik brauche global Äntwerten, wat den Approvisionnement, d’Fuerschung, awer och d’Moyenen ugeet, déi an deenen eenzelen EU-Memberslänner zur Verfügung stinn.

Den LCGB fuerdert awer och en Ofbau vun der Bürokratie an Europa. D’Prozedur, fir de Vaccin zouzeloossen, huet vill ze vill Zäit gebraucht. D’Approche vun der Kommissioun, wat den Approvisionnement mat dem Vaccin ugeet, war ze lues an net decisiv genuch. Et ass e Skandal, datt aner Länner schonn e substanziellen Deel vun hirer Populatioun geimpft hunn, an d’EU net aus dem Startlächer komm ass. Ausrieden ewéi, datt d’EU eng vollwäerteg Zouloossung vum Vaccin wéilt a keng provisoresch, ewéi z.B. Groussbritannien, sinn als Schaumschléierei entlarvt ginn.

D’Polemik ëm den AstraZeneca Vaccin huet gewisen, datt an der kuerzer Zäit, net vill anescht machbar war, an d’Gehabe vun der EU-Kommissioun huet d’Leit nach méi veronséchert, huet schlussendlech nach méi Kranker an Doudeger no sech gezunn. D’EU-Kommissioun muss dofir op effizient Handele getrimmt ginn.

Et gëtt een d‘Gefill net lass, datt sech zu Bréissel alles ëm Technokraten an Bürokraten an der europäescher Administratioun dréit. Dat muss onbedéngt op en Enn bruecht ginn. D’Kommissioun an hiere Beamtenapparat mussen eng Schaffens Aart a Weis kréien, déi den europäesche Bierger a seng Interêten an de Mëttelpunkt stellt.

Den LCGB fuerdert doriwwer eraus, eng europäesch Wirtschaftspolitik, déi dofir suergt, datt mir erëm autonom an onofhängeg ginn, wat den Approvisionnement mat strategesche Produiten a Servicer ugeet, ewéi z.B. medezinesch Apparater a Medikamenter. Den Debakel ëm den Approvisionnement mat Masken an anerem Schutzmaterial huet gewisen, datt Europa sech selwer an eng inakzeptabel Ofhängegkeet vu Länner ewéi China gesat huet.

Mir brauchen eng Globaliséierung mat Leitplanken. Dës Leitplanke mussen déi strategesch Interête vun Europa a senge Bierger garantéieren. Dës Leitplanke musse sozial Standarden an ekologesch Prinzippien, déi an Europa erschafft an erstridde gi sinn, garantéieren, an domadder europäesch Aarbechtsplaze géint eng deloyal Konkurrenz aus China ofsécheren. Dës Leitplanke mussen och d’Mënscherechter respektéieren.

An de Sonndesriede vu ville politesche Mandatairen gëtt oft vun dësem Lieferketten-Prinzip geschwat. Ech hunn awer nach keen héieren, deen den Handel mat China well a Fro stellen, obwuel gewosst ass, datt China leschten Enns eng Diktatur ass, an e Staat ass, an deem d’Mënscherechter net respektéiert ginn.

Europa wier besser drun, wann et a senge strukturschwaache Géigende géif investéiere, fir
z.B. Masken a Protektiounsmaterial erëm an der EU ze produzéieren an anengems Mënschen esou erëm an Aarbecht géif bréngen.

Den LCGB fuerdert ausserdeem en komplett Iwwerdenke vun der Industriepolitik an Europa. Et war d’Europäesch Kommissioun, déi d’ArcelorMittal obligéiert huet, bei der Reprise vun ILVA en Deel vun hire Wierker ze verkafen. Et war d’Europäesch Kommissioun, déi duerch dës komplett verfeelt Politik dofir gesuergt huet, datt Spekulanten erster Güte à la Liberty Steel an de Besetz vun anstännege Produktiounsanlage mat bis dohin sécheren Aarbechtsplaze komm sinn.

D’EU-Kommissioun soll sech gefällegst erklären, ewéi ënnert dem Deckmäntelche vun enger soi-disant gesonder Konkurrenz an Europa, e Spekulant mat Praktiken, déi un d‘Finanzkris 2008 erënneren, esou Sauereie kann realiséieren. Den LCGB fuerdert dofir fir „Liberty Steel Dudelange” eng temporär Léisung ënnert der Egide vun der SNCI, esou wéi dat och an aneren Dossieren an der Vergaangenheet schonn mat Succès passéiert ass. Dëse Site mat sengen Aarbechtsplazen ass duerch d’Decisioun vun der Europäescher Kommissioun engem Bandit an d’Hänn gespillt ginn. Elo mussen d’Salariéen an d’Aarbechtsplazen onbedéngt ofgeséchert ginn, fir eng sozial Casse ze vermeiden.

D’Konsequenzen aus esou enger verfeelter a kranker Politik mussen op europäeschem Niveau gezu ginn. D’Europäesch Kommissioun misst kategoresch géint esou eng Spekulatioun virgoen an en faveur vun den europäeschen Aarbechtsplazen handelen. Et gëtt keng Alternativ zu Europa, et muss awer eng Alternativ zur aktueller Politik an Europa ginn. De Brexit konnt nëmmen zustane kommen, well d’Mënschen a Groussbritannien zu enger knapper Majoritéit net méi vun der EU iwwerzeegt waren. Dëst hat ganz vill mat brittescher Innepolitik an enger reegelrechter Propagandaschlacht mat Fake News an der brittescher Press ze dinn.

Et war awer net deen éischte Referendum an engem europäesche Land, wou iwwer d’EU ofgestëmmt ginn ass an dee verluer gouf. D‘europäesch Bierger mussen erëm fir d’EU begeeschtert ginn, si mussen d’Avantagen, datt hier d’Land Member an dëser Solidargemeinschaft ass, virun Ae gefouert kréien. Konkret an all Dag.

Sozial Ofsécherung, schnell onbürokratesch Reaktiounen op Krisen, gemeinsam Projeten an der Infrastruktur, eng mënschlech Approche par rapport zur Digitaliséierung, dëst an nach vill aner Projeten, kënnen d’europäesch Bierger erëm vun Europa iwwerzeegen, an domadder d‘Exit-Strategie vun de Populisten op en Enn bréngen. Mir brauche méi sozial Gerechtegkeet, an Europa. Mir brauchen eng Politik, déi d’Schafung vun Aarbechtsplazen a ganz Europa viséiert.

Datt esou eng Politik méiglech ass, huet Juncker Kommissioun bewisen, duerch Schafung vun engem Mindestsockel fir sozial Grondrechter an duerch en Investitiounsplang, deen d’ekonomesch Aktivitéit an Beschäftegung an Europa weiderbruecht huet. Déi aktuell Kommissioun muss sech un deene Resultater moosse loossen, an och de lëtzebuerger Vertrieder an der Kommissioun, muss sech a sengem Beräich, dem soziale Beräich, mat Iddien an Inzentiven duerchsetzen.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Déi richteg Conclusioune mussen och op nationalem Plang gezu ginn. Zu alleréischt muss gekläert ginn, firwat mir eeler a vulnerabel Leit an den Altersheimer a Fleegestrukturen net konnte besser schützen. Et ass inadmissibel, datt déi héich Zuel un Infektiounen an Doudeger an dëse Strukturen duerch de Corona-Virus am Fong als eng Fatalitéit ofgehandelt ginn. Den LCGB fuerdert dofir d’Regierung op, alles ze maachen, fir datt krank an eeler Leit nëmme mat geimpftem Personal kënnen a Kontakt kommen.

Den LCGB fuerdert kloer ministeriell Richtlinne fir all dës Strukturen. Nëmmen duerch de konsequenten Asaz vun de néidege sanitären Dispositiounen an duerch Schnelltester, kann hei erëm en normaalt Liewe méiglech gemaach ginn. Et gëtt keng aner Alternativ bis d’Impfcampagne mat Succès ofgeschloss ass.

Wat elo déi national Impfcampagne ugeet, fuerdert den LCGB dat den Dateschutz do zum Droe kënnt, wou et néideg ass, an datt d’Regierung déi néideg Dispositiounen hëlt, fir datt keen sech kann senger Responsabilitéit entzéien, an hannert dem Deckmäntelche vum Dateschutz verstoppen, esou wéi dat bei de Lëschten an der Impfcampagne de Fall ass. Den LCGB fuerdert eng Politik, déi vum gesonde Mënscheverstand guidéiert ass, wou d’Ministeren sech zu hirer Responsabilitéit bekennen an sech eben net hannert hire Fonctionnairë verstoppen.

Den LCGB fuerdert als Konsequenz vun der sanitärer Kris eng komplett Bestandsopnam um Niveau vun der Gesondheetsversuergung hei am Land. Wat brauche mir um Niveau vum Equipement a wat musse mir deementspriechend an der Personalpolitik an der Santé ajustéieren, besonnesch wat Qualifikatiounen an Personalzuelen ugeet.

Den LCGB verlaangt an der Santé eng Politik, déi de Patient an de Mëttelpunkt stellt. An der Weiderentwécklung vun der Gesondheetspolitik weist den LCGB dofir all dogmatesch Approche zeréck. Eng Initiative ass net gutt oder schlecht, well se privat oder public ass. Eng Initiative ass gutt, wann se dem Besoin vum Patient entsprécht.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den LCGB fuerdert d’Regierung op, och déi richteg Conclusioune par Rapport zur Groussregioun ze zéien. Dës Pandemie huet eis gewisen, ewéi ofhängeg mir vun dëser Groussregioun an hire Mënsche sinn. Den LCGB fuerdert deementspriechend d’Regierung op, de Moteur vun dëser Groussregioun ze ginn an eng deementspriechend Politik mat de Responsabelen aus dëser Groussregioun ze entwéckelen.

Gemeinsam Projeten ewéi z.B. an der Infrastruktur, am Transport, an der Formatioun, an och op ekonomeschem Plang, mussen déi aktuell Politik, déi ganz oft net am Interêt vum Mënsch ass, ersetzen. Loosst eis mateneen schaffen, liewen an fir d’Entwécklung vun dëser Groussregioun asetzen, amplaz e Streit lasszetrëppelen, wien, wéi vill vum Kuch soll kréien, wann et drëms geet d’Lounsteierrecetten ze verdeelen, déi hei am Land erschafft ginn.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den LCGB ass sech bewosst, datt déi ekonomesch Repercussioune vun dëser Kris nach laang net ausgestane sinn! Den LCGB fuerdert dofir d’Regierung op, fir déi national Tripartite anzeberuffen. Den LCGB fuerdert zu alleréischt en Etat des Lieux vun der aktueller ekonomescher a sozialer Situatioun an den eenzele Secteure vun der Ekonomie.

Fir d’Salariéen an deene Secteure vun der Ekonomie, déi am schlëmmste vun der sanitärer Kris betraff sinn, ewéi den HORECA, fuerdert den LCGB ganz kloer de Chômage partiel weiderzefeieren, well et soss hei zu Faillite an Aarbechtsplazverloscht kann kommen. Den LCGB fuerdert fir all Betriber an déi betraffe Salariéen an Aarbechtsplazen, d’Bäibehale vun den Hëllefen an dem Chômage partiel, bis d’Ekonomie sech erëm retabléiert huet.

D’Tripartite muss och d‘Relance vun der Ekonomie no der sanitärer Kris preparéieren. D’Fro stellt sech, wéi eis Ekonomie, eis Aarbechtswelt no dëser Gesondheetskris ausgesäit. Wéi séier erhuelen sech déi eenzel Secteuren oder kommen net nach aner Problemer no, wéi z.B. am Bau, wou elo schonn Problemer um Niveau vum Approvisionnement de Secteur an seng Aarbechtsplaze wäerte staark belaaschten?

Wéi gesäit et mat der Kafkraaft vun de Salariéen aus, déi am Privatsecteur staark ënnert dëser Kris gelidden huet? Wéi entwéckelt sech de Chômage mëttelfristeg? All dës Froe veronsécheren d’Leit nach zousätzlech an aus all dëse Grënn ass eng Reunioun vun der Tripartite iwwerfälleg.

Den LCGB fuerdert dofir ganz kloer Mesuren hei am Land, déi d’Kafkraaft an d’Existenze vun de Salariéen ofsécheren. Den LCGB fuerdert weider d’Erhéijung vum Mindestloun, dee gekoppelt mam Crédit d’impôts, substantiell iwwer d’Aarmutsgrenz muss gehuewe ginn.

Den LCGB fuerdert och eng weider fiskalesch Entlaaschtung vun de klengen a mëttlere Paien. Den LCGB fuerdert staark sozial Transferten, déi d’Kafkraaft vun de Léit alleguerte stäerken. Mir fuerderen deemno déi komplett Indexéierung vun de sozialen Transferten a ganz besonnesch och vum Kannergeld.

D’strukturell Verännerunge vun der Aarbechtswelt duerch Digitaliséierung sinn duerch d’Gesondheetskris verstäerkt ginn. Den Teletravail ass dobäi nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg an nieft sëllege Virdeeler kommen och lues a lues eng ganz Rei vun Nodeeler vum Teletravail, ewéi d’Isolatioun vum Salarié, eng méi schwéier Trennung tëscht Aarbecht a Privatliewen an de Risk vun enger verstoppter massiver Aarbechtszäitverlängerung zum Virschäin.

De Cadre vum Teletravail konnt hei am Land vun de Sozialpartner zefriddestellend gereegelt ginn. Den LCGB fuerdert awer dat de Comité Permanent du Travail et de l’Emploi sech och weiderhin mat der Digitaliséierung beschäftegt. Den LCGB fuerdert hei, datt d’Formation continue fir d’Salariée massiv ausgebaut an un dës nei Erausfuerderung ugepasst gëtt. Den LCGB fuerdert, datt Plattformaarbecht wéi all nei Aarbechtsform, déi duerch Digitaliséierung méiglech gëtt, net zu enger Prekarisatioun vun der Aarbechtsrelatioun oder der sozialer Ofsécherung feiert.

Eis Aarbechtswelt, an domadder d’Ufuerderungen, déi un den Eenzele gestallt ginn, wäerten sech staark veränneren. Leit, déi dësen neien Ufuerderungen net méi kënnen nokommen, duerfen net am Chômage geparkt ginn. Mir brauchen, wat de Chômage insgesamt ugeet, eng komplett nei Approche, en flexibele Modell, eng sektoriell oder betriblech Cellule de Reclassement, fir betraffen Salariée direkt um 1. Aarbechtsmarché, wann néideg mat der Ënnerstëtzung duerch Formation continue, op eng nei Aarbechtsplaz kënne ze vermëttelen.

Fir d’Salariéen, déi nëmme schwéier um Aarbechtsmarché ze vermëttele sinn, kënnen d’Beschäftegungsinitiativen oder Travaux d’utilité publique, esou ausgebaut an entwéckelt ginn, datt all Mënsch dee vum Chômage betraff ass, enger sënnvoller Tätegkeet, bei gläichzäiteger Ofsécherung vu senger Existenz, kann nogoen. D’Employeure mussen hei a Flicht geholl ginn, fir en Ofrutsche vun Deeler vun eisem Salariat an de Laangzäit-Chômage oder an de Revis kënnen ze verhënneren.

Den LCGB fuerdert, datt déi national Tripartite eng Léisung fir d’Chauffeuren aus dem Transportsecteur fënnt, déi aus der Sécurité Sociale desaffiliéiert goufen, obwuel dëse Problem schonn jorelaang bekannt war. Et ass inadmissibel, et ass e Skandal, datt hei Salariéen ouni eege Verschëlden aus der Sécurité Sociale desaffiliéiert ginn, well se an deem Land wou se wunnen, eng gewëssen Zäit och hannert der Renkel sutzen. Et ass nach méi e grousse Skandal, datt deen zoustännege Minister an dësem Dossier net aktiv gëtt. Fir et kloer ze soen, esou e Minister, deen an esou engem Dossier, wou d’Existenz vun méi wéi 800 Salariée betraff ass, net aktiv gëtt, esou e Minister huet sech selwer ofgeschaaft!

Den LCGB fuerdert, datt d’Salariéen am Commerce op fräiwëlleger Basis kënnen 8 amplaz
4 Stonne Sonndes schaffen. Déi aktuell Legislatioun ass komplett depasséiert a gehéiert dringend un déi aktuell Gegebenheeten ugepasst. Den LCGB fuerdert am Kontext vun der Sonndesaarbecht an den Aarbechtszäiten insgesamt méi Matsprooch vun de Personaldelegatiounen, fir hei méi flexibel Aarbechtszäitmodeller ze entwéckelen, déi de Besoine vun de Salariéen entspriechen.

Den LCGB fuerdert hei net manner ewéi d’Cogestioun tëscht Delegatioun an Employeur, en Zougeständnes wat d‘UEL am Comité Permanent du Travail et de l’Emploi bei den Diskussiounen am Joer 2016 ronderëm Reform vum PAN Gesetz ginn huet, a wat bis haut net ëmgesat ginn ass. Den LCGB fuerdert d’Patronat kloer op, um Terrain mat den Delegatiounen, nei an méi flexibel Aarbechtszäitmodeller ze entwéckelen, fir de Besoine vun de Salariéen an engem verännerten Ëmfeld Rechnung ze droen.

Schlussendlech, fuerdert den LCGB, datt als Konsequenz vun dëser Kris eise Sozialmodell gestäerkt muss ginn. Eis Gesondheetskeess brauch endlech déi schonn oft versprache Prestatiounsverbesserunge besonnesch am Beräich vun der Dentalmedizin ewéi de Brëllen a Kontaktlënsen.

Eise Pensiounssystem muss onbedéngt duerch nei Finanzéierungsmodeller gestäerkt ginn. Wann nei Steiermodeller, ewéi eng Digitalsteier oder eng Spezialsteier fir déijéineg, déi vun der Corona-Kris profitéiert hunn, agefouert ginn, mussen dës Recetten op mannst zum Deel fir d’Ofsécherung an d’Weiderentwécklung vun eiser sozialer Ofsécherung zur Verfügung stoen.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den LCGB bleift dobäi, kee Mënsch, deen an dësem Land schwéier krank ass, duerf an den existenziellen Abseits gesat ginn. Dem LCGB seng Fuerderung un déi politesch Responsabel ass a bleift, datt d‘Limite vun 78 Wochen am Krankheetsfall ewech fält an e Mënsch esou laang krank geschriwwe kann bleiwen, bis en entweder gesond ass an erëm schaffe goe kann, oder bis en eng Invaliderent zougestane kritt.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Eist Land, eis Ekonomie, d’Salariée stinn viru groussen Erausfuerderungen. Den LCGB fuerdert eis Regierung op, de Kapp net an de Sand ze stiechen, mee an der Tripartite Léisungen am Interêt vun de Salariéen ze sichen. Léisunge fënnt een awer nëmme gemeinsam! Dat heescht an dësem Fall zu 3. Regierung, Patronat a Gewerkschaften.

Et ass dofir och eng Blamage fir d’Regierung, datt an der leschter Sëtzung vum Semestre Européen, wou d‘Patronat an déi national representativ Gewerkschaften, eng gemeinsam Positioun iwwer de Plan de Résilience et de Relance an e gemeinsaamt Positiounspabeier iwwer d’Entwécklung vun de Steierrecette presentéiert hunn, quasi keng Reaktioun komm ass. Esou léist een keen Problem, esou kënnt een net aus dëser Kris ouni sozial Casse eraus.

Den LCGB fuerdert méi sozial Gerechtegkeet. Den LCGB fuerdert an dëser schlëmmer Kris méi Mateneen an dëst am Interêt vun de Leit hei am Land. Dozou gehéiert och datt endlech méi Wunnraum zu abordabele Präisser, besonnesch fir jonk Leit a jonk Familljen offréiert gëtt.

Kolleeginnen an Kolleegen,

Den LCGB feiert dëst Joer säin Centenaire. Vill vun den Aktivitéiten hunn mir awer op d’nächst Joer verluet. D’Sanitär Kris huet eis e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. An den 100 leschte Jore sinn oft Saachen anescht gelaf, wéi se am Fong geduecht waren.

Mee eppes hunn mir ni aus den Aen verluer. D’Leit, hir Problemer an d’Léisungen déi mir all brauchen. Dofir gëllt:

Gëschter, Haut a Muer!

Vive den LCGB!

Matgedeelt vum LCGB – et gëllt dat geschwate Wuert

Foto (Archiv): © martine de Lagardère/moien.lu

Next post Previous post