Search

You may also like

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden
International Neiegkeeten

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem

Komm, mir kucken an d’Stären …
International Neiegkeeten

Komm, mir kucken an d’Stären …

Mir hunn eng Familljerees duerch d’Universum gemaach – mir hunn

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
International Neiegkeeten

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

No engem Joer „Donald Trump“, dat sech ervirgedoen huet duerch vill Polemik, Skandaler an eng Gesellschaft déi méi wéi jee gespléckt ass, huet den US-President virum Kongress seng Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Eng Ried déi méi en Opruff zur Eenheet war, wéi en zouversiichtlechen Ausbléck op 2018.

„Zesumme baue mir en séchert, staarkt a stolzt Amerika“, esou d‘Aleedung vun enger laanger Ried mat wéineg Inhalt an Ausbléck. Eng Ried zu der Lag vun der Natioun déi dann awer vu Milliounen Zuschauer virun der Tëlee. An déi hu misse Sëtzlieder matbréngen, well mat enger Stonn an 23 Minutten, war et vun de längste Rieden déi en US-President an dësem Zesummenhang gehalen huet.

„Haut den Owend wëll ech iech vum Land erzielen dat méi wäerte ginn. Mir all zesummen, wéi eng Equipp, ee Vollek an eng eenzeg amerikanesch Famill“, esou den Donald Trump, deem éischter de Virworf gemaach gëtt sech dernieft ze behuelen. Dat ergëtt dann och déi schlechtste Sondagen déi jeemools e President no engem Joer virweise konnt.

Rassistesch a sexistesch, datt ass et wéi d‘Hallschent vum Kongress den US-President gesäit. Et gëtt dann och wéineg gro téin am Kongress, dofir oder dogéint…

Dosenden Demokraten hunn zu Éieren vun den Affer vu sexuellen Iwwergrëff schwaarz gedroen, afroamerikanesch Demokraten hunn ee Schal, eng Krawatt oder eng Méck mat afrikanesche Motiver ugehat, als Zeeche vun der Solidaritéit mat deene Länner, déi den Trump als „Dreckslach“ bezeechent huet.

Eng ausgestreckten Hand

Natierlech huet den Donald Trump ervirgehuewen, datt d‘USA am Opschwong ukomm sinn (2,3% fir 2017 géintiwwer 1,5% an 2016), hien de Mann vun der Deregulatioun, de fir sech beusprocht nees Aarbechtsplaze geschaaft an d‘Entreprisen zréck geholl ze hunn.

Hien huet d‘Demokraten an d‘Republikaner opgeruff, Hand an Hand ze schaffen, fir déi sécher, schnell an zouverlässeg Infrastrukturen ze bauen, déi d‘Wirtschaft brauch an d‘Vollek verdéngt huet. Hie wënscht sech dann och vum Kongress en Investitiounsplang vun net manner wéi 1.500 Milliarden US-Dollar.

D‘Migratioun war och Bestanddeel vu senger Ried. „Haut den Owend strecken ech de Volleksvertrieder vu béide Parteien, Demokraten a Republikaner, meng Hand entgéint, fir eis Bierger ze schützen, egal wéi hir Origine sinn, wéi eng Hautfaarf se hunn oder u wéi e Gott se gleewen“, esou den Trump, deen dann déi oppe Grenze beklot huet, wouduerch esou vill Leit gestuerwe wieren.

Mee den Debat bleift ugespaant. D‘Trump-Administratioun huet fir 1,8 Millioune Mënschen „Pabeiere“ versprach, wa seng Géigner am Géigenzuch 25 Milliarden US-Dollar fräi ginn, fir déi am Wahlkampf versprache Mauer zu Mexiko ze bauen.

Op internationalem Niveau, huet den Donald Trump gefuerdert, den Kampf géint den Islamesche Staat am Irak an a Syrien weiderzeféieren. Vun enger däitlecher Ënnerstëtzung vun der Kurdemiliz YPG, déi vun der Tierkei bedrängt gëtt, war näischt ze héieren. Zudeem huet den US-President en Dekret ënnerschriwwen, mat deem Guantanamo weider ka bedriwwe ginn.

Fir „d‘Muecht vu Washington“ ze erhalen huet hie vum Kongress gefuerdert, déi noutwenneg Kreditter ze stëmmen, mat deenen Amerika seng Atomwaffe moderniséieren an nei opriichte kann. Amerika soll esou staark a mächteg ginn, datt keen sech méi kann trauen et mat den USA opzehuelen.

Vun diplomateschen „Ziler“ war an der Ried zur Lag vun der Natioun net rieds. Och de Klimawandel an de Schutz vun der Ëmwelt ware keen Thema. Eenzeg de Toun war bemooss… den Donald Trump huet sech, entgéint senger Gewunnecht, beholl.

De leschte Kennedy

Et war dann ee jonke „Congressman“ deen sech fir d‘Demokraten higestallt huet an dem Donald Trump Paroli gebueden huet. E Politiker mat „Geschicht“, mee dat eleng zeechent den Joseph Kennedy III, de „leschte Kennedy“, net aus. Hien ass iwwerluecht, roueg am Optrëtt, sécher an der Argumentatioun.

Hien huet dann och d‘Iddi, datt déi ganz Spannunge vum leschte Joer d‘Resultat vun engem „traditionelle politesche Spill“ wieren, verworf. De Kennedy huet eng Administratioun ugeklot „déi sech net nëmmen un de Gesetzer vergräift déi eis solle schützen, mee um Gedanke selwer vergräift, dat mir et wäert wiere geschützt ze ginn“.

A wien dann elo nach mengt oder d‘Hoffnung an sech dréit, datt den Donald Trump „wandlungsfäeg“ wier, deem muss gesot ginn, datt dat diplomatescht Ongeschéck, op elo mat Nordkorea, Palestina, der Tierkei a Russland, zum engen aus dem US-President kee grousse Politiker mécht, zum aneren déi wahrscheinlech gréisste Gefor fir de Weltfridden duerstellt, déi e sech virzestellen eigentlech net traut.

mam Jérôme Cartillier an dem Ivan Couronne

Foto: Et war dem Donald Trump seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun. Iwwerzeegt huet hien nëmmen seng eege Leit an et geet keen dovunner aus, datt him domatter soll geléngen an de Sondagen nees besser ofzeschneiden. © Chip Somodevilla/Getty Images/AFP

Related topics Donald Trump, Joseph Kennedy III, Kongress, USA
Next post Previous post