Search

You may also like

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys
Neiegkeeten Stories

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys

E Sonndeg war et op den Dag genee zwee Joer

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken
Neiegkeeten Stories

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober UKIP, ass

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Klima, wéineg Logement

De wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem stinn net am Widdersproch zu eise Klimaziler

Ried zur Lag vun der Natioun: Vill Klima, wéineg Logement

Eise Premierminister Xavier Bettel (DP) huet, esou wéi mir et ugekënnegt haten, sech op déi wichteg Punkte vun der Aktualitéit bezunn, an esou aleedend éischter eng „Ried zur Lag vum Planéit“, wéi dann zur Natioun gehalen. An do verwonnert et net, datt de Klima de Kärthema war.

A senger Ried huet de Premier sech vill Zäit geholl fir op déi sëlleche Problemer anzegoen, mat deenen sech d‘Weltgemeinschaft ausenanerzesetzen huet. Vun Äerderwiermung, an de Bëschbränn am Amazonas, bis hin zu de Polkappen déi schmëlzen an dem doduerch resultéierende steigende Mieresspigel. Jo esouguer den Tornado dee Lëtzebuerg heemgesicht huet ass nees ernimmt ginn.

Dem Klimawandel, deen extrem Konsequenze fir de ganze Planéit huet, misst een entgéintwierken, a laut dem Xavier Bettel wier dat zäitlech nach ze maachen. Et geet hei primär ëm d‘Reduktioun vun den CO2-Emissiounen, firwat de Premier nach emol un d‘Ziler vun dëser Regierung erënnert huet, déi doranner bestinn den Ausstouss vun Zäregaser géintiwwer 2005, bis 2030 ëm 50% ze reduzéieren.

A Lëtzebuerg wier, ugesiichts der Installatioun vu Wandmillen a Solar-Panneauen, scho matten dran an der energetescher Transitioun. An et schéngt dann och vill Potential an der Solarenergie ze stiechen, déi weider soll gefërdert ginn. Laut dem Xavier Bettel géife schon haut bis zu 60% vum Energieverbrauch vun de Menage mat erneierbaren Energien ofgedeckt. An et soll es méi ginn.

D‘Mobilitéit verbesseren

Et ass awer net nëmmen den energetesche Verbrauch „doheem“ eleng dee méi effizient, also méi klimaneutral muss gestalt ginn. Och bei der Mobilitéit muss ugesat ginn: mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport an der Fërderung vun der doucer Mobilitéit, géif Lëtzebuerg villes leeschten. An den Ausstouss vun den inkriminéierten Zäregaser wier an de leschte Joren zréckgaangen.

Zuelen huet de Premierminister keng genannt, dofir huet hie säi Resultat dem Wuesstem entgéint gestallt. Hie stellt fest, datt wann d‘Land sech un d‘Reegele vun engem „nohaltege Wuesstem“ hält, d‘Wirtschaft weider entwéckelt ka ginn. De Wirtschaftswuesstem wier also kee Widdersproch zu Klimaziler an d‘Geschicht hätt gewisen datt d‘Verbesserungen duerch d‘Innovatioun entstinn.

Nei Technologie géifen derzou bäidroen, datt d‘Entreprisen hiren energetesche Verbrauch besser an de Grëff kréie wat jo zu manner Ëmweltverschmotzung féiert. E Fait, esou de Premierminister deen och op d‘Néierloossung vu Google zu Biissen zoutrëfft. Maximal Energieeffizienz a minimale Verbrauch vu Ressourcen, dat wieren d‘Konditiounen déi d‘Regierung den Amerikaner gesat huet.

Et kascht och eppes

Et gëtt also kee Wuesstemsdebat an och d‘Aart a Weis wéi dëse vollzu gëtt, soll net a Fro gestallt ginn. Fest steet, datt de Wuesstem net Contraire zu de Klimaziler ass. D‘Land stéisst zwar un d‘Grenz vu senge Kapassitéiten, firwat d‘Regierung och weiderhi beméit ass an déi noutwenneg Infrastrukturen ze investéieren. An heibäi geet et ëm vill, fir net ze soen onmoosseg vill Geld.

Am nächste Budget si fir esou „Investissementer“ net manner wéi 2,6 Milliarden Euro virgesinn (zur Erënnerung: dat waren am Budget 2013 1,6 Milliarden) an bis 2023 sollen d‘Investitiounen an d‘Infrastruktur op 3 Milliarde klammen. Am gläichen Zäitraum soll awer och d‘Staatsschold ënner 20% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) gesenkt ginn. Dofir muss d‘Konjunktur awer mathalen.

Et ass och nach Geld fir den intergenerationelle Fong do (deen huet schonn e Polster vun 317 Milliounen, an et sollen der nach 53 bäigesat ginn) an och dem Pensiounsfong geet et gutt (dës Reserve leien aktuell bei 19 Milliounen). Dat heescht: fir Diskussiounen iwwert eng Rentereform wier et den Ament nach vill ze fréi. Déi wäert dem Land awer net erspuert bleiwen.

D‘Prioritéit gouf iwwersinn

Wien sech elo freet, wat de Premier dann zur Kris am Logement ze soen hat, dee muss op dëser Plaz enttäuscht ginn. Hien huet verkënnt datt hien elo net wéilt den Tour vun allen zoustännege Ministère maachen, fir op all déi grouss Fortschrëtter vun de leschten 12 Méint zréckzekommen. Vläicht sollt een dofir Versteesdemech hunn, de Logement ass jo kee „klengen“ Dossier.

Et dierf een elo awer d‘Reaktioune vun der Oppositioun net eleng um Logement festmaachen, an déi huet dann och eng zimlech fundéiert Kritik geäussert. Besonnesch interessant d‘Reaktioun vum Sven Clement, dee vu sech behaapt huet, eng Stonn drop gewaart ze hunn, datt de Xavier Bettel dann elo och endlech mat der Ried zur Lag vun der „Natioun“ géif ufänken. Dat awer vergiewens.

Wéi de Pirat et gesäit, war d‘Ried an dee méiglecherweis doranner enthalene Message, zwar schéi formuléiert mee dofir onverständlech. Kee Wuert zum Logement, näischt zum Sozialen, mee grouss Téin iwwert den „Tripple A“. Dobäi bréicht d‘Land e Plang fir sech op d‘Zukunft virzebereeden. An d‘Pirate sinn och net gewëllt dem Premierminister dat duerchgoen ze loossen. Et geet et jo emol net.

An nach e puer Reaktiounen

Och d‘CSV-Fraktiounspresidentin huet näischt „Neies“ aus der Ried vum Premier eraushéieren. Wou ass déi Strategie fir de Klima? Wou sinn d‘Inhalter? D‘Martine Hansen gesäit net wéi et der Oppositioun soll méiglech sinn un engem „Plang“ matzeschaffen, wann et net e Minimum un Inhalt gëtt. Datt de Xavier Bettel de Logement „ausgeblend“ huet, ass zudeem grondsätzlech falsch.

Bei der ADR hat ee sech, dat zumindest geet aus den Äntwerten ervir, näischt anescht erwaart an de Gast Gibéryen betount: „Ech hunn an de leschten 31 Joer an der Chamber nach keng inhaltlech esou lamentabel Ried héieren“. An der ADR stéisst et batter erop, datt de Premier net op de Logement agaangen ass, e Problem dee rekurrent a wäit manner abstrakt wéi de Klimanoutstand ass.

An de Marc Baum vun déi lénk huet d‘Ried zur Lag vun der Natioun als „beleidegend“ empfonnt. Dës Regierung wier sech den Erausfuerderungen net bewosst a sech als „gudde Klima-Schüler“ ze presentéieren net den Usaz vun enger Léisung. Dat soziaalt an de Logement einfach „lénks“ leien ze loosse sollt de Leit ze denke ginn. Recht huet de Mann, mee d‘Leit hunn d‘Ried net gelauschtert…

Illustratioun: Pixabay

Related topics Chamber, Klimawandel, Krautmaart, Logement, Ried zur Lag vun der Natioun, Steierreform, Wuesstem, Xavier Bettel
Next post Previous post