Search

You may also like

money
POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?
International Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt
International Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter
International Neiegkeeten

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert

Bei Perquisitiounen hunn éisträichesch Ermëttler ee gellegt Waffenarsenal ausgehuewen

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert

An Éisträich, mee och a Bayern hunn d‘Autoritéiten déi lescht Woch zum engem schwéiere Schlag géint déi rietsextrem Zeen ausgeholl. Nieft der beschlagnahm vun de Waffen, sollen och Verdächteg Persoune verhaft gi sinn. Et heescht, datt mat dëser Aktioun d‘Bildung vun enger rietsradikaler Miliz an Däitschland verhënnert gi wier.

No méintelaange Virwërf, d‘Autoritéiten an Däitschland, wéi an Éisträich, wiere blann um rietsen A, konnten déi sech ee Samschdeg vun hirer Schockela-Säit weisen. Zu Wien huet et sech den Inneminister Karl Nehammer net huele gelooss, dës „mise en scène“ matzegestalten. Mat engem grousse medialen Opwand, hu seng Servicer d‘Resultater vun den Ermëttlunge virgestallt.

Éisträich© Karl Schober / Bundesministerium für Inneres

Et wier der Police an allen anere staatleche Sécherheetsdéngschter ee massive Schlag kéint déi rietsextrem Elementer gelongen, esou de Karl Nehammer, deen erläutert, datt mat de Waffen, déi d‘Beamte sécherstelle konnten „méiglecherweis eng rietsradikal Miliz“ sollt an Däitschland op d‘Bee gestallt ginn. Eng Ausso déi net weider kommentéiert oder beluecht konnt ginn.

Den éisträicheschen Inneminister bestätegt déi grenziwwerschreidend Kooperatioun tëscht de Sécherheetsdéngschter, wéi och de Fait, datt an Éisträich fënnef Persounen, a Bayern nach zwou verdächteg Persoune verhaft goufen. Zu Stonn géifen nach Ermëttlungen an Nordrhein-Westfalen duerchgefouert. Och dozou gouf et säitens dem Inneminister gëschter keng weider Erklärung.

Däitschen Heemechtsminister schockéiert

Wat d‘Operatioun ubelaangt, esou huet sech déi wärend der leschter Woch zougedroen. Op Nofro hunn déi zoustänneg bayresch Autoritéite bestätegt, datt leschte Mëttwoch eng Persoun vun de Beamte vum Landeskriminalamt a Bayern verhaft ginn ass. Eng weider Persoun wier an Nordrhein-Westfalen verhaft ginn. Zum: wéi, wou a wéini, konnten déi bayresch Autoritéiten näischt soen.

Éisträich© Karl Schober / Bundesministerium für Inneres

Een deen sech iwwerrascht gewisen huet, ass den däitschen Inne- an Heemechtsminister Horst Seehofer, fréiere Ministerpresident vu Bayern. Esou huet de Karl Nehammer duerchblécke gelooss, datt den CSU-Politiker mat enger gewësser Affektioun fir eng national-konservativ Politik, sech zudéifst schockéiert gewisen hätt. D‘Autoritéite vu béide Länner sti weider an enkem Kontakt.

Aus dem Inneministère gouf ee Samschdeg nach matgedeelt, datt all déi concernéiert Autoritéiten an déi politesch verantwortlech Acteuren d‘Lag ganz eescht huelen. D‘Inneminister vun Éisträich an Däitschland hätte gefuerdert, datt an dësem Fall d‘Hannergrënn vollëmfänglech missten opgekläert ginn. Dat léist de Schluss zou, datt ee méiglecherweis just de Lack ugekraazt huet.

Esou beandrockend wéi erschreckend

Bezunn op déi vun den éisträicheschen Autoritéite virgeluechten Informatiounen, si wäit iwwer 70 Waffen (automatescher an hallef-automatescher), Handgranaten, Militaria-Géigestänn (Helmer a Säbel vun der Wehrmacht) a Munitioun am sechsstellege Beräich séchergestallt ginn. Fir de Landespolizeipresident Gerhard Pürstl: „eng vun de gréissten Entdeckunge vum leschte Joerzéngt“.

Hien huet erkläert, datt de leschte Mëttwoch, d‘Beamte bei enger Perquisitioun Stuermgewierer a Maschinnegewierer inklusiv Munitioun séchergestallt haten. Bei enger weiderer Perquisitioun um Donneschdeg wier direkt ee ganze Container mat Waffen, Munitioun a Sprengstoff konnt vun de Beamte séchergestallt ginn. Et sollt net dee leschten Ermëttlungserfolleg vun de Poliziste sinn…

Éisträich© Karl Schober / Bundesministerium für Inneres

Bei enger zousätzlecher Perquisitioun an enger Lagerhal an Nidderéisträich, wieren nach emol masseg Laangwaffen (Gewierer) mat iwwer 100.000 Schoss Munitioun opfonnt ginn. Et géif sech alles an allem ëm „schwéiert Gerät“ handelen esou de Landespolizeipresident. Opgeflunn ass dëst Netzwierk, well d‘Police enger Drogeliwwerung aus Däitschland (Oktober) „nogaange“ sinn.

Als Haaptverdächtegen hunn déi éisträichesch Autoritéiten en 53 järege virbestrooften Éisträicher genannt, dee mat engem Grupp Komplizen den Handel initiéiert soll hunn. Laut den Erkenntnisser, esou wéi se presentéiert goufen, wieren d‘Waffe mam Erléis aus dem Drogenhandel finanzéiert ginn. Zur Gréisst vum „Netzwierk“ a wien d‘Cliente vun den Drogen/Waffe sinn gouf näischt gesot.

mat indymedia/vie/muc

Foto: Bei diverse Perquisitioune goufen iwwer 100.000 Schoss Munitioun; 12,3 Kilo Amphetamin; 230 Gramm Kokain; 110 Gramm Marihuana; 100 Schosswaffen, 24 Stéck Sprengmëttel, 5.820 Euro Boergeld an ee ganze Koup Geschir aus Wehrmachtsbestänn beschlagnahmt ginn. © Karl Schober / Bundesministerium für Inneres

Related topics Bayern, Drogenhandel, Éisträich, Horst Seehofer, Karl Nehammer, Miliz, Rietsextremismus, Waffenhandel
Next post Previous post