Search

You may also like

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!
Neiegkeeten

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Ministère fir

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen den Apéro-Plat vun der

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Wa Riichter (be)urteelen

Déi Damen an Hären an de schwaarze Roben üben sech a Kritik a stellen sech géint d‘Ausnamen, déi der Justiz am Covid19-Gesetz zougestane ginn

Wa Riichter (be)urteelen

Et ass esou seelen, datt et ganz interessant ass ze verfollegen, wéi sech d‘Riichter zu Lëtzebuerg – déi gi jo hei vun der Beruffsvertriedung „Gruppement vun de Lëtzebuerger Magistraten“ (GML) representéiert – géint vun der Chamber gestëmmte Gesetzer stäipt. Si hunn an enger Stellungnam gëschter d‘Ausnamen am Covid19-Gesetz, dat leschten Donneschdeg gestëmmt gouf, verurteelt.

Monéiert gëtt ënnert anerem, datt entspriechend dem Gesetzestext, an de Geriichtssäll hei am Land, net dee soss iwwerall gültege Mindestofstand vun zwee Meter, anzehalen ass. Eng Ironie, bezunn op de Constat, datt Geriichtssäll och geschlosse Raim sinn, déi zudeem net ëmmer esou liicht ze lëfte sinn, wat nees de fir Geriichter ugemoosse Sécherheetsbestëmmungen entsprécht.

Wann dann nach géif berécksiichtegt ginn, datt sech an dëse Raimlechkeete méi Leit iwwert ee längeren Zäitraum ophalen, sollt engem aliichten, datt de Risk sech mam Covid19 unzestiechen eng ganz reell Gefor duerstellt. An dat géif, dorops gëtt d‘Betounung geluecht, gläichermoosse fir déi Affären am Penal, wéi och beim Zivilrecht gëllen. Dat kléngt wéi en Detail, mee et gëtt nach besser.

Entspriechend dem Gesetz, solle Leit déi vum Geriicht gehéiert ginn, hir Mask ausdoen dierfen, wann hinne vum Riichter d‘Wuert erdeelt ginn ass. Dat gëllt fir jiddereen: vum Bekloten, den Affekoten, Zeien, Dolmetscher an déi vum Geriicht bestallten Experten. De Juristen ass hei am besonneschen d‘Begrënnung vum Gesetz eppes opgestouss. An déi ass net vu schlechten Elteren.

D‘Magistrate weisen drop hin, datt sech am Text explizitt op d‘Bequeemlechkeet bezu gëtt. Et kéint bei Prozesser jo zu laange Plaidoyere kommen, an do schéngt d‘Politik ze wëssen – si dinn d‘Mask jo fir hir Rieden an der Chamber och aus – datt et einfach nervt eppes virum Mond ze hunn. Pech datt awer grad d‘Magistraten am „Confort“ kee berechtegte Grond erkennen d‘Mask auszedoen.

Si weisen drop hin, datt d‘Droe vun enger Mask iwwer Mond an Nues an der Ëffentlechkeet dem Schutz vun eben der ëffentlecher Gesondheet déngt. Do Ausnamen am Geriichtssall zouzeloossen, respektiv därer direkt mat an den Text opzehuelen, wier de falsche Wee. d‘Magistrate fuerderen hei d‘Uwennung vun den allgemeng gültege Reegelen, och an de Geriichtssäll. Woubäi…

Et wiere jo awer d‘Magistrate keng Juristen, wann net och si „Ausname“ géife gesinn. Esou heescht et, datt am Eenzelfall, et dem Riichter kann/soll iwwerlooss sinn ze entscheeden, ob déi Uwiesend Persounen sech hirer Mask entleedegen dierfen oder net. Wann de Premier elo zwar d‘Stonn vun der Wourecht verluecht huet, wäert et awer nach Texter ginn. Do kann een dat da berécksiichtegen.

Illustratioun: © Bill Oxford / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Gruppement vun de Lëtzebuerger Magistraten, Magistraten, Maskeflicht, Mindestofstand, Regierung, Riichter
Next post Previous post