Search

You may also like

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen

D‘Saison fänkt fir d‘Damme vum SC Beetebuerg gutt un, déi

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt
Kultur Neiegkeeten

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Et ass net den éischte Versuch vun Twitter sech géint

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond
Kultur Neiegkeeten

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Um Rot fir „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel, un deem

De Ris geet op d’Rees – an Äert Wierk soll e begleeden!

De Ris geet op d’Rees – an Äert Wierk soll e begleeden!

Erënnert Dir Iech nach un den Opruff am Mee 2020, bei deem Dir d’Geschicht ëm d’Erliefnisser vum Ris aus dem Beetebuerger Park matgestalte konnt? Nodeems d’Kreatioun vum Comic vun der berühmtster Figur aus dem Mäerchepark ofgeschloss ass, geet elo en Appell un d’Artisten eraus. Är Installatioun kéint scho geschwënn de kreativen Themen-Pad completéieren.

Am Kader vun den Evenementer ëm Esch2022 ass de Projet vum intergenerationelle Geschichten-erzielen entstanen. Är Iddien hunn den Texter Lucien Czuga an den Illustrateur Andy Genen ugereegt, fir eng spannend Geschicht ze entwéckelen, wat de Ris, nodeems en dann endlech aus sengem joerzéngtelaange Schéinheetsschlof erwächt ass, op senger Aventure duerch d’Gemeng Beetebuerg erlieft.

Passend dozou ass elo en Themen-Pad ugeluecht ginn, op deem d’Geschicht gräifbar gemaach gëtt. Dëse Wee soll vun Installatioune begleet ginn, déi original Elementer an de Charakter vum Ris mat enger perséinlecher Nott vum Artist kombinéieren. Esou begleede Figuren an Zeenarien de Pad an enger spannender a kreativer Aart a Weis. Wichteg ass, datt all Wierk ëmweltfrëndlech kreéiert muss sinn.

Artisten déi sech ugesprach fillen, sollen hiren Dossier mat Liewenslaf, enger Selektioun u Wierker déi am Bausseraum ausgestallt goufen, so wéi engem erklärenden Text bis spéitstens den 31. Januar 2021 un rp@bettembourg.lu schécken.

Related topics Appell zur, Artist, Beetebuerger Park, De Ris geet op d'Rees, Geschicht, Installatioun, Mäerchepark, Themen-Pad
Next post Previous post