Search

You may also like

Nei Direkteren fir d’Verwaltung vun de Bâtiments Publics an de Fonds Belval
International Neiegkeeten

Nei Direkteren fir d’Verwaltung vun de Bâtiments Publics an de Fonds Belval

Zënter dem 1. Mäerz 2021 ass de Luc Dhamen den

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt
International Neiegkeeten

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte

Orkan Harvey: en Tëschebilan
International Neiegkeeten

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt

Riseg Pëtrolsquell am Iran entdeckt

Eng Pëtrolsquell mat engem Potenzial vu geschätzt 53 Milliarde Barrel, hunn d‘Iraner an der Provënz Chuzestan (Südwesten) entdeckt. Bestätegen sech dës Informatiounen, da géifen déi iranesch Uelegreserven op iwwer 200 Milliarde Barrel klammen.

Wat sech am éischten Ament wéi eng „gutt“ Nouvelle fir d‘Ajatollahen zu Teheran unhéiert, muss direkt relativiséiert ginn. Zum enge gëtt et do US-Sanktiounen déi verhënneren, datt den Iran säi Pëtrol um Weltmaart verkafe kann. Zum aneren, esouguer wann si dierften um Weltmaart mat hirem Ueleg handelen, géifen si vun der OPEC gebremst. Pëtrol dierf einfach net „präiswäert“ ginn.

D‘Feld op deem d‘Pëtrolsquell fonnt gouf, erstreckt sech op iwwer 2.400 Quadratkilometer an elo muss dann och emol analyséiert ginn, a wéi engem Mooss Teheran dorausser e wirtschaftlechen Notzen zéie kann. Schwiereg ugesiichts der Allianz USA-Saudiarabien. D‘Kinnekräich ass zudeem de gréisste Produzent, mat 9,96 Millioune Barrel am Dag, virum Irak (4,47) an dem Iran (3,87).

Wann d‘USA och heftegst Sanktioune géint déi islamesch Republik verhaangen hunn, zudeem alles versiche fir de Regime ze stierzen – wat vum Kinnekräich och erwënscht ass – esou sinn se zu Washington awer immens dorunner interesséiert, dës Uelegreserven ze kontrolléieren. Ondenkbar, wann dës nei Quellen – wirtschaftlech betruecht – de Chinese géifen zougestane ginn…

Laut dem US-Energieministère (EIA) besëtzt den Iran déi véiert gréisst Uelegreserve vun der Welt an dat zweet gréisst Gasopkommen. Teheran ass also ee richtege „global Player“ dee sech leider net un déi vu Washington opgestallte Spillregelen hält. Europa wier och un dësem Pëtrol interesséiert, mee d‘EU stécht awer mam Kapp bis zu de Schëlleren am Aarsch vun den Amerikaner an dierf net.

Dobäi kéint een de iranesche Pëtrol gutt gebrauchen. Laut de Berechnunge vun der OPEC, ginn op der Welt all Dag eng 100 Millioune Barrel verbraucht, Tendenz steigend. Laut den Experte soll de Besoin u Pëtrol bis 2040 nach emol ëm 12% klammen. Energietransitioun, Äerderwiermung an de Klimawandel spille bei dësen Iwwerleeungen net emol eng ënnergeuerdent Roll. Rock de Pëtrol!

mat indymedia/nyc

Foto: Johannes Plenio / Pixabay

Related topics Iran, OPEC, Pëtrolsquell, Teheran, US-Sanktiounen
Next post Previous post