Search

You may also like

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet
Neiegkeeten

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um

Stauséi: Protokoller um lafende Band
Neiegkeeten

Stauséi: Protokoller um lafende Band

Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann
Neiegkeeten

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann

Den EU-Sommet zu Bréissel steet alt nees bal exklusiv am

Lëtzebuerg an d’Geldwäsch: Eng éischte Risikoanalys vum Justizministère

Lëtzebuerg an d’Geldwäsch: Eng éischte Risikoanalys vum Justizministère

Ënnert der Direktioun vum Justizministère an als Äntwert op d’Recommandatioun 15 vum Aktiounsgrupp GAFI gouf eng éischt vertikal Evaluatioun zu de Risiken a Saache Geldwäsch vu Kapital a Finanzement vun Terrorismus realiséiert. D’Resultater vun dëser Analys goufe gëschter matgedeelt.

Geldwäsch kann duerch verschidden Entwécklungen entstoen: Nei Produiten oder nei Praktike kommen op, nei Technologie gi genotzt, respektiv a Verbindung mat neien oder existente Produiten bruecht. Zousätzlech sollt, wéinst der eventueller Bedreeung a Vulnerabilitéit vu sougenannten Avoirs Virtuels (AV) a Prestataires de Services d’Actifs Virtuels (PSAV), och op de virtuellen Beräich een A geworf ginn.

Esou konnten zu Lëtzebuerg festgestallt ginn, dass déi gréisst Bedreeungen am Trafic vu Rauschmëttel, am Bedruch, a Fälschungen an dem Vol leien. Och d’Cyberkriminalitéit, sou wéi sexuell Erpressung an Ausbeutung sinn däitlech als Menace ervirgestach.

Duerch d’Anonymitéit, déi einfach Notzung an d’Sécherheetscharakteristiken sinn och pseudo-anonym AV’en wéi de Bitcoin oder anonym AV’en wéi Monero mat engem héije Risiko verbonnen. Fir d’PSAV’en sinn d’Risike mëttel agestuuft ginn. Just d’Ënnerkategorie vun zentraliséierten Austauschplattformen weisen en héije Risiko op.

De komplette Rapport fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Annette Fischer / Unsplash

Related topics Bedreeung, Cyberkriminalitéit, Finanzement, GAFI, Geldwäsch, Kapital, Kryptowärung, Rauschmëttel, Risikoanalys, sexuell Erpressung, Technologie, Terrorismus
Next post Previous post