Search

You may also like

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee
Neiegkeeten

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick Dury zum 1. Mee

Well et opgrond de Restriktiounen, ervirgeruff duerch d‘Covid19-Pandemie dëst Joer

Grouss Maniff virun der brittescher Ambassade
Neiegkeeten

Grouss Maniff virun der brittescher Ambassade

De Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP huet um fréie Samschdegmueren ugekënnegt, datt

Indonesien nom Tsunami
Neiegkeeten

Indonesien nom Tsunami

Dräi Deeg no der Katastroph, déi Indonesien heemgesicht huet, ass

Fir d’Risikoreduktioun bei Katastrophen: D’Inneministesch presentéiert eng nei national Plattform

Fir d’Risikoreduktioun bei Katastrophen: D’Inneministesch presentéiert eng nei national Plattform

Eng Katastroph weist ëmmer de Risiko op fir Liewen, Blessuren, Zerstéierung oder Schued iwwert e gewëssen Zäitraum ze fuerderen. Aus dësem Grond huet d’Inneministesch Taina Bofferding gëschter déi nei national Plattform zur Reduktioun vu Katastropherisiken presentéiert. E Comité wäert an Zukunft enk mat de Gemengen an der Zivillgesellschaft zesumme schaffen, fir eng besser Gestioun am Eeschtfall garantéieren ze kënnen.

Katastrophe kënnen kleng oder grouss ausfalen, frequent oder rare passéieren, eis plëtzlech iwwerraschen oder sech lues a lues uschläichen, duerch de Mënsch provozéiert sinn oder natierlech op eis duer kommen. Nieft direkten Impakter wéi Verloscht a Schued a senge verschiddensten Aart a Weisen, gi mir gläichzäiteg och indirekt getraff. Liewensgrondlage ginn zerstéiert, d’Educatioun ënnerbrach, d’Produktivitéit geschwächt, Onsécherheeten a Kriminalitéit erhéicht. Mee och dat si just e puer Facetten.

Duerch dës gemeinsam Plattform, déi sech net nëmmen an den Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen agliddert, mee och an den Aktiounskader vu Sendai aschreift, gëtt de reegelméissegen Echange gefuerdert. Informatioune mussen ergänzt an ausgetosch, gläichzäiteg och Initiative koordinéiert ginn. Just wann all Acteuren zesumme schaffe gëtt et méiglech enger Katastroph entgéint ze wierke, se ze absorbéieren, sech unzepassen a sech och nees ze erhuelen.

Esou soll déi national Plattform zesummegesat ginn aus engem interministerielle Comité, deen aus Representante vun de Ministèren an Aarbechtsgruppe mat Experte besteet. Ma, och de Privatsecteur, wëssenschaftlech Instituter an d’Zivillgesellschaft wëll ee mat abannen. Schliisslech ass déi ganz Bevëlkerung am Eeschtfall betraff.

„Als Inneministesch ass et fir mech evident d’Gemengen, déi eng gewëss Proximitéit zu eise Biergerinnen a Bierger hunn, an d’Beméiungen zur Risikoreduktioun anzebezéien. Esou schaffe mir all zesummen fir d’Resilienz vun de Gemengen ze stäerken an d’Käschten an d’Schied, déi un d’Gestioun bei enger Katastroph gebonne sinn, ze reduzéiere“, sou d’Taina Bofferding.

An dësem Kader huet och d’Mami Mizutori, speziell Representantin vum Generalsekretariat fir d’Risikoreduzéierung bei Katastrophen, sech mat engem Message gemellt. D’Efforte vum Groussherzogtum kéinten net méi zäitgeméiss sinn wéi elo. Déi nei Normalitéit verlaangt Resilienz vun der Bevëlkerung, dem System an alle Pläng, déi gemaach ginn. Duerch d’Kris krute mir d’Méiglechkeet gebueden, fir ze iwwerdenke wat mir fir Selbstverständlech halen. Elo gëllt et sozial, ekonomesch an ëmwelttechnesch Nohaltegkeet beweisen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Pol Henrotte, Koordinator vun der Plattform; Taina Bofferding, Inneministesch © MINT

Related topics Agenda 2030, Aktiounskader vu Sendai, Comité, Eeschtfall, Expert, Gestioun, Inneministesch Taina Bofferding, Koordinatioun, Mami Mizutori, national Plattform zur Reduktioun vu Katastropherisiken, Pol Henrotte, Privatsecteur, Verloscht, Zivillgesellschaft
Next post Previous post