Search

You may also like

Sexuelle Mëssbrauch: Ouni Sensibiliséierung komme mir net virun
Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch: Ouni Sensibiliséierung komme mir net virun

Um Mëttwoch huet d‘ONG „ECPAT“, déi sech staark am Kampf

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?
Neiegkeeten

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?

Den 20. November hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) an

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 1)
Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 1)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Risk vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg

Jiddereen ass gefrot, fir Bëschbränn ze verhënneren

Risk vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg

Déi besonnesch héich Temperaturen an d’Dréchent bréngen Risiken fir Mënsch a Natur. Dozou gehéieren Bëschbränn, déi och am Groussherzogtum optauche kënnen.

Et ass extrem dréchen an déi laang Period ouni Reen bereet de Leit vun „Eau & Forêts“ grousst Kappzerbrieches. Aus engem Communiqué vum Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère geet dëst ervir. Eisen Informatiounen no kéinten och kuerz Wiederen der Dréchent net wierklech entgéint wierken. D’Randonneuren a wien och soss gären an de Bësch spadséiere geet, sollt oppassen, ginn dach déi meeschte Bëschbränn vum Mënsch ausgeléist.

Opmierksamkeet ass gefrot

Jidderee gëtt opgeruff opzepassen an kee Feier ze maachen. Dat bedeit, datt et am Ament keng gutt Iddi ass ze grillen, seng Zigarett einfach ewech ze geheien oder Glas (Fläschen, Schiebelen) déi duerch den „Lupp“ Effekt schnell ee Brand ausléise kéinten.

Och d’Automobiliste gi gebieden hir Auto’en nëmmen op Plazen ofzestellen déi keng Brandgefor duerstellen. Am Beschten ass et, wann een den Auto op stengegem oder goudronnéiertem Ënnergrond ofstellt. Op der dréchener Wiss ka beispillsweis d’Hëtzt vum Auspuff oder dem Katalysator ee Feier ausléisen. Et soll een och d’Bëschweeër net zou parken, fir de Pompjeeë fräien Accès ze garantéieren.

Wien bei dësem Wieder an de Bësch geet, soll dann nach oppasse wou hien ass an sech d’Weeër mierken. Seng Positioun ze kenne kann et bei engem Brand wichteg sinn fir schnell a sécher aus der Geforenzon ze kommen.

Wien Damp oder ee Feier gesäit soll direkt den 112 Uruffen an esou genee Informatioune wéi nëmme méiglech ginn, iwwer: d’Plaz wou et brennt, wéi vill Leit do sinn, op et Haiser nobäi gëtt an a wéi eng Richtung d’Feier sech propagéiert. Et sollt een och mat de Pompjeeën een Treffpunkt ausmaache fir d’Läscheenheeten ze guidéieren.

Bleift um Telefon bis den Operateur um Telefon all d’Informatiounen huet fir eng schnell an effikass Hëllef ze organiséieren.

Related topics Bëschbränn, Lëtzebuerg, Natur
Next post Previous post