Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!

Passend fir déi waarm Joreszäit verlouse mir 3 x 1

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen
Neiegkeeten

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt den Eecheprëssessiounspënner sech temporär

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire
Neiegkeeten

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire

An déck engem Mount geet d‘Schoul nees un, a wéi

Successioun vum Roberto Traversini steet

Aus dem Buergermeeschter soll eng Buergermeeschtesch ginn, esou déi gréng Déifferdeng

Successioun vum Roberto Traversini steet

Um spéiden Dënschdegowend ass bei der Lokalsektioun vun déi gréng iwwert d‘Successioun vum Roberto Traversini berode ginn. Kenner vun der Zeen hätten sech hei erwaart, datt de Schäffe Georges Liesch d‘Nofolleg vum demissionären Député-Maire géif untrieden. Dat ass net de Fall…

No Interessekonflikter op diversen Niveauen an engem „Agesinn“ datt Feeler gemaach goufen, war de Roberto Traversini – ee Mann mat wahrscheinlech ze vill Kapen – asiichteg an huet, sécher och fir Schued vun der eegener Partei ofzewennen, demissionéiert. De Parquet huet och eng Enquête gefuerdert: hei geet ëm Verontreiung vun ëffentlechem Geld, Blanchiment an Interessekonflikt.

Fir nees Rou an déi vun der Oppositioun (déi lénk / DP / LSAP) ausgeléisten Hysterie eranzebrénge gouf also decidéiert, datt d‘Conseillère Christiane Brassel-Rausch als Kandidatin fir d‘Mandat vum Buergermeeschter bei der nächster Gemengerotssëtzung géif virgeschloe ginn. Et gëtt awer nach ee puer Changementer: Esou soll de Conseiller Paulo Aguiar d‘Schäffin Laura Pregno ersetzen.

Interessant dogéint, datt déi gréng um Schäffe Georges Liesch festhalen, deen sech am ominéisen Dossier net wierklech vu senger beschter Säit gewisen huet. E Punkt dee sécherlech den 9. Oktober an der Gemengerotssëtzung nach fir lëschteg Remarken an eng traureg Gemengepolitik dierft Suerg droen. Woubäi et um Enn duer geet wann de Koalitiounspartner CSV de ganzen Theater matdréit.

Notéiere mir nach, datt d‘Christiane Brassel-Rausch als fënneft op der grénger Lëscht gewielt ginn ass. Si huet 2.768 Stëmme fir sech verbucht an erhieflech zu de siwe Mandater vun déi gréng bäigedroen. Zur Erënnerung, den demissionäre Buergermeeschter Roberto Traversini hat 5.105 Wieler iwwerzeegt kritt. A Seng politesch Carrière geet jo dann och an der Chamber weider…

E Fait dee vu ville Bierger nëmme schwéier nozevollzéien ass, wou de Roberto Traversini jo och als méigleche Logementsminister gehandelt ginn ass. Dat schéngt elo allerdéngs vum Dësch an et gëtt och Fuerderungen, déi dohinner tendéiere säi Mandat um Krautmaart muedebëtzeg ze maachen. Et wäert awer dovunner ofhängeg sinn wat bei den Ermëttlunge vum Parquet herno eraus kënnt.

Related topics Christiane Brassel-Rausch, Déifferdeng, Fränz Meisch, Gary Diderich, Roberto Traversini
Next post Previous post