D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!
Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng
Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng
[onionbuzz quiz-id=85][/onionbuzz]
Et war 1954, wou de Juan Robles a säi Papp eng kleng Wënzerei opgebaut hunn, déi spéider ëmgebaut gpuf a soumat Plaz fir déi andalusesch Kichen, mat autochthonesche Produiten a lokale Rezepter, bidde konnt. Mëttlerweil hu si ee ganzt Sortiment u Restauranten, wonnerbar Plaze a Menüen am Beräich Catering, sou wéi aner kulinaresch Servicer ze proposéieren.
© Robles
Bei der Presentatioun vun dësem familiäre gastronomesche Betrib huet de Javier Martínez de Restaurant Casa Robles besonnesch fir all déi ervir gehuewen, déi op der sich no der spuenescher Spëtzekiche sinn. Op dräi Etage kann ee Sevilla erliewen an op eng authentesch waarm Aart a Weis héichwäerteg an ausgewielt Spezialitéite genéissen.
Et muss fir jiddwereen an all Portmonnie eppes dobäi sinn, an dofir bitt Robles eng grouss Diversitéit un Designs a Speisen un. Nieft weidere Restauranten, wéi dem Robles Aljarafe oder Las Brasas de Robles gëtt et dem Javier Martínez säi ganz perséinleche Favorit: Den Don Juan begeeschtert duerch seng einfach, awer och traditionell Ariichtung. Mat vill Léift zum Detail gëtt awer net nëmmen d’Aen, mee och de Mo verwinnt. An heller andalusescher Atmosphär bleift ee gären een Abléck méi laang sëtzen, fir d’Gesamtwierk ze genéissen.
Don Juan © Robles Restaurants
Zu de verschiddene Leeschtungen zielt Robles säi ganz eegene Catering. Hei kann ee wielen, op een enger vun de Raimlechkeete feiert, déi si selwer proposéieren, oder op een d’Plaz vum Evenement fräi eraussiche well. Dînéieren an engem Palais oder op aneren emblematesche Plazen, wéi kléngt dat? Robles bleift beispillsweis mat der Villa Luisa, dem Peyré oder der Casa Guardiola senger Exklusivitéit trei.
© Robles
Typesch fir Spuenien a virun allem Andalusien sinn Tapas. Robles offréiert dofir all interesséierter Persoun, déi Loscht huet déi spuenesch Iesskultur kennenzeléieren, een Tapas Tour un. Méi genau heescht dat, dass un engem Dag 3 Restaurante besicht an hir Spezialitéite probéiert ginn. No der hallwer Stonn vum Openthalt am jeeweilege Restaurant, wärend där ee sech duerch déi verschidden Tapas schmaache kann, geet et virun op déi nächst Plaz.
Ee klenge Spadséiergank fir ze Verdauen deet schliisslech ëmmer gutt an esou entdeckt een Sevilla an engems op eng ganz aner Aart a Weis. Zum kréinenden Ofschloss gëtt et natierlech nach ee Kaffi an Dessert, sollt een nach eppes packen.
Dobäi kënnt hire sougenannte Gourmet Market. Ob Firmefeier, Presentatioun oder eegent Evenement, mat dëser origineller Iddi besicht een 6 kreativ designt Statiounen, déi eng Spezialitéit unzebidden hunn. Wärend dem Schmaache kënnt et zu spannende Gespréicher an Iesse gëtt zu engem aktiven Erliefnis.
An all Eck, bei all Iddi a fir all Evenement stécht Robles Häerzblutt eran. Trotz laangem Bestoen ass et der Ekipp wichteg dem Client no ze sinn, Erfarungen ze sammelen an zesummen d’Gastronomie ze genéissen.
Opmaacherbild: © Robles Restaurants/Facebook