Search

You may also like

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4
Kultur Meenung WTF

Véier Froen un d’Crew vun der Sea-Watch 4

D’Lucrezia ass als „Guest Coordinator“ u Bord vun der Sea-Watch

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal
Kultur Meenung WTF

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal

D‘Briten haten d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW)

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand
Kultur Meenung WTF

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand

Nodeems Mediahuis iwwert eng exklusiv awer detailléiert Asiicht a bei

surprise

Rock-a-Field: D‘Hoffnung stierft als lescht

E Kommentar

Rock-a-Field: D‘Hoffnung stierft als lescht

Fir vill Fans vum Festival Rock-a-Field, dee vum „Atelier“ organiséiert gouf, waren um Freideg d‘Noriichte schlecht. „Ganz schlecht“ wéi d‘Déckkäpp op RTL géife bäifüge. An do muss et dann erlaabt sinn sech Froen ze stellen, besonnesch wann d‘Informatiounen aus der Hollerecher Strooss ganz knapp ausfalen.

Rock-a-Field

2017, esou den Organisateur hätt een sech e „Sabbat-Joer“ gegënnt, dat géif een elo ëm ee Joer verlängeren. Dat bedeit, datt et och 2018 mam Rock-a-Field „Esseg“ ass. Et dierf een awer getréischt dovunner ausgoen, datt no engem Joer Paus, dat zweet Joer schonn net méi esou wäert opfalen. A schnellliewegen Zäiten, e gewote Schratt dee kommerziell betruecht d‘Enn bedeit.

Gutt d‘Jongen an d‘Meedercher aus dem Atelier maache mat hiren anere Concerten am eegene Sall, der Abtei, mee och an der Rock-Hall genuch Goss, esou datt de Rock-a-Field ugesicht dem Opwand net wierklech e „must have“ ass. Firwat een dann elo net einfach éierlech ka sinn, a bei engem Projet deen eng Zäit gutt gelaf ass, einfach zougëtt datt Schluss ass, verstinn ech net.

A mat Sécherheet kënnt och zu mengem Kommentar elo ee groussen Dementi aus der Hollerecher Strooss (wann se et da matkréien) a Frënn maachen ech mer mat menger Meenung da bestëmmt och net. Mee bon, Wourechte sinn generell net gäre gesinn, also maachen ech do elo emol kee Kapp, a begrënne meng Behaaptung, firwat de RAF dout ass.

Wann ee bei kulturelle Projeten d‘Paus-Tast dréckt, da kann dat vill Grënn hunn: et kommen net méi genuch Leit, et fënnt ee kee Personal well een ze gutt bezilt, et ass generell ze vill Aarbecht oder et kritt ee keen Terrain méi op deem et ze maache wier. Heiansdo ass et och alles zesummen. Woubäi et och wichteg ass ze wëssen datt den Atelier keng soziokulturell Organisatioun ass, mee eng streng profitorientéiert Entreprise.

Den „Atelier“ ass dann och laang genuch am Business fir d‘Gesetzer vum Maart ze kennen. Op et elo eng clever Strategie, ass sech nach mat de Grimmele vun engem erfollegräiche Projet, als potentiellen Organisateur vun engem Festival am Gespréich ze halen, also ech weess et net. Fakt awer ass, an do dierfen se gären aus der Këscht sprangen, well dat wat een als „RAF“ kannt huet, wäert et net méi ginn.

Mee wéi bei allem wat kommerziell ass, Reklamm ass wa vun engem Geschwat gëtt, egal op am gudden oder am schlechten. Esou laang wéi een am Gespréich ass, ass een net Dout. Esou dierften dobausse virun hiren Ecrane genuch Leit sëtze, stoen oder leien, déi sech un der Hoffnung,, 2019 nees um RAF dierfe béi gäiler Musek ze gäisselen, festhalen. Dat ass OK fir mech, se wieren awer gutt beroden sech no Alternativen ëmzekucken.

Illustratioun: Screenshot

Related topics Atelier, Festival, Rock-a-Field
Next post Previous post