Search

You may also like

Internationalen Dag vun den Infirmièren an Hiewanen
Kultur Neiegkeeten

Internationalen Dag vun den Infirmièren an Hiewanen

Déi aktuell sanitär Kris léist eis fillen, wéi wichteg d’Fleeg

Vu Strategie an Ambitiounen
Kultur Neiegkeeten

Vu Strategie an Ambitiounen

Eng Internetverbindung gëtt et mëttlerweil a bal alle Gare an

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen
Kultur Neiegkeeten

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen

Et war ze erwaarden, datt nodeems de Xavier Bettel an

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer organiséiert en Donneschdeg, de 17. Oktober 2019 de Festival Rock de Rack an der Escher Rockhal. Heibäi handelt et sech ëm ee pedagogeschen Dag am Kader vum 100-järege Bestoe vum Fraewahlrecht (1919). De Programm ass ganz un dëse wichtege Gebuertsdag, deen zur Demokratie a Gläichstellung bäidréit, ugepasst.

Um Moien stinn beim Festival Rock de Rack zwee pedagogesch Atelieren un, déi a Kollaboratioun mat Partner, wéi dem Presserot, der UNI.lu, der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter, BEE SECURE a villen aneren organiséiert ginn. Schoulklassen, jonk Gruppen an individuell Persoune ginn häerzlech invitéiert deelzehuelen a sech am viraus ënner rockderack.lu unzemellen.

Rock de Rack

Den Nomëtteg besteet aus engem interaktiven Debat a Presenz vun der Ministesch Taina Bofferding. Zesumme mam Jugendparlament an der nationaler Kschülerkonferenz ginn um 13:30 an 15:30 Auer Themen, wéi Gläichstellung vun de Geschlechter an Demokratie ugeschwat. Déi jonk Participante kënnen dobäi och hir eege Meenung Präis ginn a sech austauschen. Fir den Nomëtteg-Programm muss ee sech net umellen.

D’Paus gëtt musikalesch ëmmantelt duerch ee Concert vun de Gewënner vum Screaming Fields Song Contest. De kompletten Oflaf a weider Informatioune fannt Dir ënnert rockderack.lu.

Related topics Festival, Fraen a Männer, Geschlechtergläichheet, Gläichberechtegung, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Rock de Rack, Rockhal
Next post Previous post