Search

You may also like

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …
Kultur Neiegkeeten

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2019 ass och bei

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen
Kultur Neiegkeeten

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen

E 24 Joer ale Student a säi Frënd goufen a leschte Weekend

Palestinenserpresident zitt de Stecker
Kultur Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!

Virun engem Mount ass den Opruff fir jonk Bands erausgaangen, elo sti se fest: Um Samschdeg, 7. Dezember kënnt Dir Iech um Rock The South 2019 vum musikalesche Choix iwwerzeege loossen!

Säit der éischter Editioun vum Rock The South – Newcomer Band Contest am Joer 2009 huet d’Konzept net geännert. Op Initiative vun der Jugendkommissioun gesäit d’Gemengeverwaltung vu Péiteng vir, jonke lokale Museker eng Chance ze ginn sech op der Bühn ze beweisen. Wien sech gemellt huet an zur glécklecher Auswiel gehéiert, kritt 30 Minutten Zäit fir sech op der Bühn ze beweisen an de Jury, sou wéi och de Publikum vun der eegener Leeschtung ze iwwerzeegen.

Fir dëst Joer goufe folgend jonk Newcomer (den Duerchschnëtt vun der Band muss ënner 25 Joer sinn) ausgewielt:

Ze gewanne gëtt et ënnert anerem ee Bong am Wäert vun 1.000 €,fir dëse bei Holtz Sound, dem neie Partner vun dëser Editioun, auszeginn. Dës weidere gëtt eng Opnam am Studio AUDEO zu Lamadelaine, sou wéi d’Participatioun um Festival On Stéitsch 2020 als ee weidere Präis vum SNJ gebueden.

De Concours gëtt organiséiert vum SNJ, Holtz Studios, 7FM Luxembourg, Radio Ara a Péiteng On Air. D’Entrée ass gratis a Legacy of Atlas, déi grouss Gewënner vun 2018, wäerten den Owend zesumme mat Lost In Pain feierlech ofschléissen. Lass geet et um 19:30 Auer am Home St Hubert zu Péiteng.

Related topics Arduinna's Dawn, Atomic Rocket Seeders, AUDEO, Calypso's Call, Fehl-Tritt, Festival On Stéitsch, Newcomer Band Contest, Rock The South 2019, SNJ
Next post Previous post