Search

You may also like

Wien dierf a Lëtzebuerg areesen?
Kultur Neiegkeeten

Wien dierf a Lëtzebuerg areesen?

De Baussen- an Europaminister geet der Recommandatioun 2020/2169 vum Rot

Successioun vum Roberto Traversini steet
Kultur Neiegkeeten

Successioun vum Roberto Traversini steet

Um spéiden Dënschdegowend ass bei der Lokalsektioun vun déi gréng

Stage-Gesetz: der ACEL platzt de Kolli
Kultur Neiegkeeten

Stage-Gesetz: der ACEL platzt de Kolli

Fir de Lëtzebuerger Studenteverband (ACEL) ass dat neit Stage-Gesetz (7265)

Rock um Knuedler: Programmännerung!

Wéinst Chantier an Neigestaltung vun der Plaz spillen zwou Gruppen net

Rock um Knuedler: Programmännerung!

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg matdeelen, wäerten zwou Gruppen net um Rock um Knuedler, deen dëst Joer den 12. Juli ass, optrieden. Opgrond vun engem Chantier, duerch deen d’Plaz um Knuedler anescht amenagéiert muss ginn, sinn déi néideg Ressourcen net méi ginn, déi fir den initiale Programm vun dëser Editioun geplangt waren.

Den LCTO souwéi d’Stad Lëtzebuerg soen an hirer Matdeelung hire Partner Merci fir hir Flexibilitéit a Gedold. Bei de Gruppen Desdemonia souwéi Go By Brooks bedanke si sech och fir dat grousst Versteesdemech, datt si dëst Joer leider awer net um Rock um Knuedler optriede kënnen.

Wéinstens ka Go By Brook sech dann an aller Rou op hiren unplugged Concert an der Brasserie K116 den 31. Juli virbereeden.

Den aktuelle Programm stellt sech folgendermoossen op:

Lion Stage
17.15 – 18.00 Ice In My Eyes
18.30 – 19.15 De La Mancha
19.45 – 20.30 Kid Colling Cartel
21.00 – 21.45 Joel Heyard
22.30 – 00.00 Mad Fox

Protestantesch Kierch – Acoustic Sessions
16.30 – 16.45 Offiziell Erëffnung
16.45 – 17.15 ROME
17.45 – 18.30 C’est Karma
19.00 – 19.45 Irina
20.30 – 21.15 ROME
22.00 – 23.00 Judasz & Nahimana

Holy Ghost Stage
18.00 – 18.45 The Disliked
19.15 – 20.00 The Velvet
20.30 – 21.15 Fred Barreto Group
21.45 – 22.30 Mutiny on the Bounty
23.00 – 23.45 Porn Queen

Opmaacherfoto: Pixabay

Related topics Desdemonia, Go By Brooks, LCTO, Rock um Knuedler, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post