Search

You may also like

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!
International Neiegkeeten

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Nom Kampf géint de Klimawandel an d‘Inaktivitéit vun der Politik,

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!
International Neiegkeeten

Verdacht op Kannerpornografie: 46 Perquisitiounen an enger Woch!

Wéi bei der Pressekonferenz haut de Moie matgedeelt ginn ass,

Däitsch EU-Rotspresidence: Et wäert net einfach ginn!
International Neiegkeeten

Däitsch EU-Rotspresidence: Et wäert net einfach ginn!

D‘Presidence vun de Kroate geet op Enn wéi se ugefaangen

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner

Och d’Feierdeeg am Wanter ginn an den USA am XXL-Format gefeiert. Dat beweist ënnert anerem de Rockefeller Center zu Manhatten (New York), deen all Joer mat sengem risege Chrëschtbeemchen an der imposanter Dekoratioun, déi festlech Zäit alaut. Datt d’Nordmanndänn awer e klenge Bewunner hätt, domat hat wuel kee gerechent.

RockefellerRockefeller Center / Instagram

De Ravensbeard Wildlife Center krut um fréie Moien en Appell, ob si och kleng Eilen ophuelen. „Jo maache mir!“ – dunn war et kuerz roueg op der anerer Säit vun der Leitung. „Ech ruffen Iech dann nach emol un wa mäin Mann Heem kënnt. Hien huet eng Bebe-Eil an enger Këscht.“

Als Zoustänneg fir d’Sécheren an den Transport vum Chrëschtbeemchen, deen an dësem Joer vun Oneonta (NY) komm an um 14. November beim bekannte Wollekekrazert vum Big Apple empfaange ginn ass, gouf de Mann bemol vun zwee grousse gielen Aen tëscht den Nole vum Bam ugekuckt.

RockefellerRavensbeard Wildlife Center / Facebook

Well Eilen normalerweis am Fréijoer gebuer ginn, huet et sech bei dësem Exemplar missen ëm en ausgewuessent Déierchen handelen, sou den Ravensbreard Wildlife Center. Fir genee ze sinn ass et e sougenannte Sägekauz – déi klengst nordamerikanesch Aart aus der Famill vun den Eilen.

Am Zenter ukomm ass den ehemolege Bewunner vun der Rockefeller-Dänn komplett ënnersicht ginn. Iwwer 3 Deeg krut d’Eil näischt ze iessen an ze drénken, gouf dofir direkt mat Flëssegkeet a Mais versuergt. Nodeems si nees komplett fit war, konnt de Sägekauz fräigelooss ginn.

RockefellerRockefeller Center / Facebook

Et kann ee frou sinn, datt d’Déierchen relativ fréi fonnt ginn ass. An awer freet ee sech, ob genee dat net méi oft virkënnt. Schliisslech gëtt den Déieren en Deel vun hirem natierleche Liewensraum fir eisen Amusement an eis Traditioun ewechgeholl.

E wanterleche Spektakel

De Komplex vum Rockefeller Center ass zu enger richteger Touristenattraktioun ginn. Wärend am héchste Gebai – dem Comcast Building – d’NBC säin Haaptquartéier an ënnert anerem General Electric Büroen huet, gëtt d’Lower Plaza fir divers kulturell Evenementer genotzt. Am Summer fanne Concerte statt, am Wanter dierfen d’Visiteuren sech op der Äispist amuséieren.

RockefellerRockefeller Center / Facebook

An da gëtt et nach de monstréise Chrëschtbeemchen, dee mat sengen 25 Meter Héicht, enger beandrockender Beliichtung (méi wéi 50.000 faarweg LED-Luuchten) an der faarweger Dekoratioun Millioune Mënschen unzitt. Eleng de Stär un der Spëtzt, dee vum Architekt Daniel Libeskind 2018 entworf ginn ass, besteet aus iwwer 3 Milliounen Swarovski-Kristallen, weit bal 410 kg an ass ëm 1,5 Milliounen Dollar wäert.

Rockefeller Rockefeller Center / Facebook

Zënter 1933 gi bei der sougenannter Tree Lighting Ceremony d’Luuchten um Beemchen ugemaach, wouduerch d’Visiteuren vu lauter Spannung fir e kuerzen Ament d’Loft unhalen an absolut Rou op der Plaz herrscht. Kuerz duerno gëtt mat Applaus déi feierlech Atmosphär verbreet.

Iwwregens gëtt d’Holz vum Bam am Januar fir humanitär Zwecker gespent. D’Firma Habitat for Humanity schneit d’Material esou zu Recht, datt et zur Konstruktioun vun Haiser fir bedierfteg Leit ka genotzt ginn.

Related topics Bewunner, Chrëschtbeemchen, Eil, New York, Nordmanndänn, Ravensbeard Wildlife Center, Rockefeller Center, Spektakel, Traditioun
Next post Previous post