Search

You may also like

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch
Neiegkeeten Sport

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt
Neiegkeeten Sport

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt

Eise Premierminister, ass um Méindeg vum estneschen Ausseminister Sven Mikser,

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?
Neiegkeeten Sport

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?

Wärend d’Bewosstsinn zur Klimakriis an eise Käpp ëmmer méi gréng

E-Sport: Loscht op de Rocket League Special Cup?

E-Sport: Loscht op de Rocket League Special Cup?

D‘Esport-Competitioun Rocket League Special Cup gouf well am August, an Zesummenaarbecht mat der Post Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) ugekënnegt. E Samschdeg, den 18. September ass et souwäit, d‘Spiller sinn natierlech scho prett!

Si wëlle weisen, wat an hinne stécht. D‘Competitioun, sou spannend wéi se wäert sinn, fënnt allerdéngs nëmmen am Twitch-Stream statt. Mat engem Präisgeld vun 2.500 Euro sinn déi ageschriwwen 28 Ekippen mat jeeweils 3 Spiller bestëmmt motivéiert. Et kribbelt hinnen an de Fanger fir un dësem spezielle Rocket League-Turnéier deelzehuelen. Wien wäert dës Erausfuerderung wuel meeschteren?

E Samschdeg gitt Dir genee dat ab 13 Auer gewuer. D‘Final vun dësem e bësse méi spezielle Sport fënnt schliisslech de 25. September statt. Ma, dës Etapp wäerten awer nëmme 16 Ekippen erreechen.

Moderéiert gëtt d Competitioun vum Karascast an dem AidanSeesThings, alle béid Spezialisten am Rocket League Beräich. Si wëssen also vu wat si schwätzen.

D’Spill, wat vu Psyonix entwéckelt ginn ass, stellt sech als eng originell Mëschung aus Fussball an Autocours duer. Wärend dem Fueren mussen d’Spiller nach e Fussballsmatch meeschtere – dat Ronnt muss an dat Eckegt. Dobäi sinn d’Autoe mat Boost equipéiert, wouduerch si sprangen kënnen an och d’Spillen an der Loft ass méiglech.

A fir dat Ganzt nach méi spannend ze maachen, ginn all Stonn Kaddoe verdeelt. Dat geet och online. Wärend der Competitioun gëtt per Zoufallsprinzip e Spectateur ausgeloust. Dëse gewënnt ee Bong vun der Twitch-Plattform.

Related topics AidanSeesThings, E-Sport Competitioun, Karacast, POST Esports Masters, Rocket League Cup, Rocket League Special Cup
Next post Previous post