Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“
International Kultur Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?
International Kultur Neiegkeeten

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei

Wat wa Kassetten erëm a Moud wieren?
International Kultur Neiegkeeten

Wat wa Kassetten erëm a Moud wieren?

De Lou Ottens, den Erfinder vun de Kassetten ass dout.

Hien war am Optrag vun der Majestéit ënnerwee

Hien war am Optrag vun der Majestéit ënnerwee

Haut hätt de Sir Roger George Moore Gebuertsdag gefeiert. Leider ass de brittesche Schauspiller am Mee 2017 an der Schwäiz un enger schwéierer, awer kuerzer Kriibserkrankung verstuerwen. Hien ass 89 Joer al ginn an huet dräi Kanner hannerlooss. Bestuet war den talentéierte Mann mat de bloen Aen véier Mol.

Schonn an der Vergaangenheet war de Roger Moore mat gesondheetleche Problemer geplot, hien huet ënnert anerem de Kampf géint de Prostatakriibs gewonnen. Humorvoll wéi e war, huet den Roger Moore och erzielt, datt säin Häerzschrëttmécher säin wäertvollste Besëtz ass.

De berüümte Schauspiller ass zemools fir seng legendär Roll vum James Bond bekannt. An de 70er an 80er Joren huet hien de bekannte Spioun siwemol gespillt. Domat ass hien tatsächlech dee Schauspiller, deen den Geheimagent James Bond am heefegste verkierpert huet. Zemools de Film Moonraker aus dem Joer 1979 war mat sengen 210 Milliounen US-Dollar weltwäit deen erfollegräichste Film vum Joer. Bei dësem Film war de Schauspiller scho 57 Joer al.

Dës weideren huet de brittesche Schauspiller mat Charme sech sozial als UN-Botschafter fir d‘Kannerhëllefswierk vun UNICEF sou wéi fir den Déiereschutz engagéiert. A sengem Kampf géint d‘Foltere vun Déieren huet hien dacks mat PETA zesummegeschafft. Am Joer 2017 gouf hien vun dëser Déiereschutzorganisatioun zur Persoun vum Joer gewielt.

Och Sea Shepherd, TigerTime an Animal Defenders sinn tatkräfteg vum Roger Moore ënnerstëtzt ginn. Hien huet Mënschen, déi hier Freed drun hunn, Déieren ëmzebréngen als „psychesch krank“ bezeechent.

Säin privat Engagement huet fir zuelräich Auszeechnungen gesuergt, am Joer 2003 krut de Roger Moore net nëmmen dat däitscht Bundesverdienstkreuz, hien ass am nämmlechte Joer vun der Queen Elizabeth zum Ritter geschloe ginn.

Opmaacherbild: Den Acteur Sir Roger Moore am Joer 1973 © Allan Warren (CC BY-SA 3.0)

Related topics Acteur, Déiereschutzorganisatioun, Gebuertsdag, Geheimagent, James Bond, Kannerhëllefswierk, Schauspiller, Sir Roger Moore, Spioun
Next post Previous post