Sea-Watch erzielt: „Mir halen zesummen!“
Solidaritéit gëtt an der Séinoutrettung net ouni Grond grouss geschriwwen.
Solidaritéit gëtt an der Séinoutrettung net ouni Grond grouss geschriwwen.
Fënnef Woche „Confinement“ huet d‘Land elo hannert sech, an wéi
Um Internationalen Dag géint de Kriibs gëtt zu Lëtzebuerg d’Haaptaamierk
Amerika… Land vun den onbegrenzte Méiglechen… De Roger Stone, dee Mann deen de Kongress belunn, hat an der Russland Affär en Zeie manipuléiert an ass och soss kee gudde Mënsch. Hie gouf vun engem Geriicht zu 3 Joer festem Prisong verurteelt – gefuerdert waren der 9 – an dat huet den US-President als ongerecht empfonnt. Elo heescht et aus dem Wäissen Hause de Mann wier fräi.
Frëndschaften am Liewen si wichteg, a wann däi Frënd de President vun Amerika ass, huet een bal dat grousst Lous gezunn. Am Fall vum Roger Stone bezilt sech dës laangjäreg Männerbezéiung elo aus. De 67 järege wier ee fräie Mann, huet dat Wäisst Haus erkläert. De Roger Stone war am Februar zu enger dräijäreger Prisongsstrof verurteelt ginn an déi elo eigentlech missen untrieden.
Politesche Beroder, gro Eminenz a Manipulateur… de Roger Stone hat all Attributer, déi engem Mann wéi dem Donald Trump gefalen. Mee de laangjärege Vertraute vum Milliardär hat zolidd iwwert d‘Strengt geschloen. Hien huet parlamentaresch Ermëttlunge behënnert, de Kongress belunn an en Zeien ënner Drock gesat. Bei esou Affäre kennt d‘US-Justiz eigentlech kee Pardon.
Den Donald Trump war net zefridden, wéi d‘Justiz mat sengem Frënd ëmgesprongen ass, an huet Afloss op de Prozess geholl, firwat d‘Staatsanwaltschaft hir Fuerderungen erofgeschrauft hat an et zu enger verhältnisméisseg „klenger Strof“ komm war. Am elo verëffentlechte Gnoden-Dekret ass de Roger Stone als Affer vu onbegrënnten Ermëttlungen zur Russland-Affär bezeechent ginn.
mat indymedia/was
Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash