Search

You may also like

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur
International Neiegkeeten

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur

Zum Optakt vun der Pressekonferenz huet d‘Buergermeeschtesch vun der Stad

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert
International Neiegkeeten

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert

Schoulvakanz an Zäite vum Coronavirus Covid19, dierft den Eltere komesch

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!
International Neiegkeeten

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!

Déi schwedesch Klima-Aktivitstin Greta Thunberg ass d’Virbild vun der globaler

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing

40 Méint Prisong, well hien an der Russland-Affär Zeie manipuléiert an de Kongress belunn huet

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing

Eigentlech wollt de Parquet de US-President säi Frënd fir 9 Joer aus dem Verkéier zéien, mee de Chef hat intervenéiert, firwat de Prozess zum Politikum verkomm ass. Et ass dann elo och egal ob de Roger Stone nach zu Prisong veruerteelt ginn ass, wichteg ass villméi d‘Erkenntnis, datt an den USA d‘Geriichter an d‘Justiz ganz wuel en ënnerscheet tëscht den Ugeklote maachen…

Den Donald Trump hat sech den 11. Februar via Twitter missen an de Prozess géint de Roger Stone, an esou och an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, amëschen. D‘Procureuren haten, nodeems konnt bewise ginn, datt sech de Conseiller alle Verbriechen, déi him virgeworf goufe schëlleg gemaach huet, néng Joer feste Prisong gefuerdert. Dat hat de Chef als onfair verkläert an ass intervenéiert.

An esou huet sech erginn, datt nodeems den US-President ëffentlech (via Twitter) an inoffiziell (en Telefonsgespréich mam Justizminister) op de richtege Plazen un deene richtege Schrauwe gedréit hat, de Justizministère ganz offiziell erkläert huet, datt d‘Fuerderung vun de Procureuren „exzessiv an ongerechtfäerdegt“ wier. Esou gouf dem Geriicht en däitlech geréngert Strofmooss ugeroden.

Stone

Fir déi véier Procureuren huet et net wierklech vill Optioune ginn, an si hunn dat eenzeg richtegt an dësem Fall gemaach: Si hunn hire Récktrëtt erkläert. Den US-Justizminister, William Barr, hat wuel erkläert, datt dës Virgoensweis säi Mandat erschwéiert an et besser ouni getweets wier. D‘Uweisung un d‘Geriicht wier allerdéngs net op Drock vum US-President gemaach ginn, esou de Minister.

Nodeems dat alles bekannt ass an et offensichtlech ass, datt d‘Strof déi géint de Roger Stone elo verhaange gouf, wier déi logesch Suite, d‘Begnodegung vum Veruerteelten duerch den US-President. An den Donald Trump, huet sech erwaardungsgeméiss och nom Uerteelssproch zu Wuert gemellt, dat dann awer fir der Natioun matzedeelen, datt hien den Ament dat Ganzt verfollegt.

Stone„Ech wäert näischt maachen am Bezuch op déi grouss Befugnisser vun engen amerikanesche President“, esou den Donald Trump bei engem Wahlkampfoptrëtt zu Las Vegas. Hie wëll déi weider Entwécklung an dësem Fall ofwaarden. „Ech mengen dat wier dat bescht, well ech géif de Roger gären entlaaschten“, esou de Milliardär. De Veruerteelte wäert dann och an Appell goen.

An hei dierft et da beim „zweeten Akt“ besser fir de Roger Stone lafen. Den Donald Trump ass sech jiddefalls sécher, datt hien am zweeten Ulaf wäert fräigesprach ginn. „Dem Stone säi Verfare war net fair. Wat him geschitt ass net ze gleewen“, esou de Milliardär, deen nach betount, datt hien hei „iergendwann“ eng Decisioun huele muss. Schliisslech wier de Stone jo awer ee gudde Mënsch…

mat indymedia/was

Related topics Amëschung, Donald Trump, Roger Stone, Russland Affär, US-Justiz, William Barr
Next post Previous post