Search

You may also like

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
International Neiegkeeten

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

dislike
D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert
International Neiegkeeten

D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert

Die Söhne Mannheims hunn den 20. Mee en Optrëtt an

EPP-Spëtzekandidat Manfred Weber erfreet griichesch Gemidder
International Neiegkeeten

EPP-Spëtzekandidat Manfred Weber erfreet griichesch Gemidder

Et fält wuel kengem op, mee déi „hëtzeg“ Phas vum

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni Grenzen (MSF), hunn iwwer 600.000 Rohingyas virun der Gewalt vun der burmesescher Arméi missen an de Bangladesch flüchten. Si kommen zou de schonn 207.500 Refugiéeën derbäi déi am Distrikt vu Cox‘s Bazar am Südoste vum Land liewen.

Si kommen zu villen, a si komme séier. A knapp dräi Méint waren et iwwer 600.000 Mënschen déi sech iwwert d‘Grenze gemaach haten. Lager sinn och entspriechend schnell entstanen. D‘Rohingyas si mat deem, wat se mathuele konnten an deem, wat se op der Plaz fonnt hunn eenz ginn. En Ënnerdaach aus Bambus an enger Plastiks-Baatsch ass net wierklech en Doheem, mee hei gëtt een net erschoss.

Esou liewen se dann elo, openaner „getässelt“ op de Koppe vun de Bierger, wou et wéinst engem méiglechen Äerdrutsch och geféierlech ass. Waasser an Sanitäranlage kann ee nëmme bedéngt uleeë wat sech katastrophal op hygienesch Konditiounen auswierkt. Der Verbreedung vu Krankheeten ass ugesicht der Situatioun net vill entgéint ze stellen.

Dausende Lächer si vun de Rohingyas gegruewe ginn. De Problem: se hunn net déif genuch gegruewen. „D‘Urgence ass, déi sanitär Situatioun an de Lager ze verbesseren, esou datt d‘Inzidenz vun de Krankheeten, déi mat Waasser ze dinn hunn, wéi zum Beispill Duerchfall, ofhëlt“, esou de Paul Delaunois, Direkter vun MSF Lëtzebuerg.

Et besteet Handlungsbedarf

Wann eng vun de Léisungen, fir ze verhënneren datt d‘Uewerflächewaasser kontaminéiert gëtt, dorausser besteet, datt ee méi déif Pëtzer muss buere fir d‘Waasser aus enger Déift vun 100 Meter ze huelen, da muss een awer d‘Moyenen hunn se ëmzesetzen.

Zudeem haten d‘Flüchtlingen an enger éischter Phas sech ëm dat Grondleeënd ze këmmeren. Leider sinn déi Léisunge bei den Toilettë séier un hir Grenze gestouss. Zum enge gëtt et der net genuch, vill funktionéieren net richteg, anerer lafen einfach iwwer. D‘Ausscheedungen „lafen de Bierg of“ a gelaangen esou an d’Uewerflächewaasser, wou d‘Waasserlächer kontaminéieren.

Laut den Equippe vun MSF déi op der Plaz sinn, wiere bis ewell 40% vun de Pëtzer kontaminéiert. Eng Verbesserung vun de sanitäre Konditiounen ass dréngend gebueden. Schonn elo muss MSF feststellen, datt sech d‘Krankheetsfäll (Duerchfall, Hautinfektiounen, Otemnout…) heefen. Besonnesch beonrouegend, iwwer 1.500 Fäll vu Riedele sinn ewell festgestallt ginn, a betraff an éischter Linn: kleng Kanner.

Der Gewalt ausgesat

D‘Rohingyas, déi am Bangladesch ukommen, erzielen de Leit vun MSF, wéi enger Gewalt si duerch déi burmesesch Arméi ausgesat sinn. MSF bestätegt dann och zanter dem 25. August net manner wéi 78 Affer sexueller Gewalt zu Kutupalong ze betreien. 50% vun den Affer hu keng 18 Joer, eng ganz Rei der nach net emol zéng…

Fir dem Floss u Refugiéeën eenegermoossen Här ze ginn, huet MSF seng Operatiounen an der Géigend massiv gesteigert. Fir MSF sinn aktuell eleng am Distrikt vu Cox‘s Basar 2.3000 Benevoller aktiv. Et goufe 15 Krankestatiounen, zwou mobil Kliniken an dräi Spidäler opgeriicht, fir de Mënschen den Accès zu de grondleeënde Soinen ze erméiglechen. Säit MSF op der Plaz ass, sinn esou mindestens 70.000 Mënsche behandelt ginn.

Vun der WHO (Weltgesondheetsorganisatioun) ass dës humanitär Kris op den héchsten Niveau (3) erhuewe ginn. 1,2 Millioune Rohingyas brauche medezinesch Hëllef, elo! Déi Mënschen dierfe grad elo net vun der internationaler Communautéit eleng gelooss ginn.

Wann och iech d‘Schicksal vun de Rohingyas net egal ass, datt ënnerstëtzt MSF mat engem Don ënner https://msf.lu/fr/nous-soutenir/faire-un-don.

Foto: Wéi esou oft bei Konflikter oder ethnesche „Botzaktiounen“ sinn et d‘Kanner déi als éischt dorënner ze leiden hunn. Hei eng Momentopnam vum 22. September am Lager vu Kutupalong. © Dominique Faget/AFP

Related topics Bangladesch, MSF, Myanmar, Rohingyas
Next post Previous post