Search

You may also like

Chantier op der A13 tëscht den Echangeuren Éilereng a Suessem (04.-07.06.2021)
Neiegkeeten

Chantier op der A13 tëscht den Echangeuren Éilereng a Suessem (04.-07.06.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt tëscht dem Echangeur Éilereng an dem

Nëmmen e Mëssverständnes?
Neiegkeeten

Nëmmen e Mëssverständnes?

Eng Regentin an eng Damm déi et gäre „riicht eraus“

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende
Neiegkeeten

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende

De 4. September 1970 gouf den Dokter Salvador Allende zum President

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“

Bei dem traditionellen Neijoerschechange hunn de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, de Romain Schneider an d’Representante vu Lëtzebuerg Landjugend a Jongbaueren sech zesummegesat, fir iwwert d’Neiegkeeten an der landwirtschaftlecher Politik ze schwätzen. Den Interessi louch virun allem bei den neie Moossnamen, déi jonk Bauere concernéieren.

Den neie Gemengenamenagementsplang (PAC) no 2020 definéiert d’Ënnerstëtzung fir déi jonk Baueren, déi oft mat diverse Schwieregkeete konfrontéiert ginn, soubal si an der Ufanksphas Kapital opbaue wëllen an ënnert der Kombinatioun aus wichtegen Investissementer an enger gerénger Rentabilitéit leiden.

Ee weidert Thema vum Treffe war déi solidaresch Landwirtschaft, déi sech als super Geleeënheet fir déi Nei an der landwirtschaftlecher Aktivitéit erweist.

De Minister Romain Schneider huet an dësem Kader den Engagement vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere gelueft. Heibäi huet hie virun allem d’Bildung duerch d’Plattform Fro de Bauer ervir gehuewen. Wéi de Minister erkläert huet, wier d’Sensibiliséierung vum Konsument noutwenneg, fir d’Perceptioun zum Landwirtschaftssecteur ze verbesseren.

Béid Säite weisen sech houfreg iwwert déi exzellent Kollaboratioun a freeën sech op d’Zukunft.

Opmaacherfoto: (1 Rei v.l.n.r.) Jérôme Reuter (L.L.J); Lisa Jacqué (L.L.J); Marc Roeder (President L.L.J); Romain Schneider (Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung); André Loos (Éischte Conseiller Landwirtschaftsminister)
(2 Rei v.l.n.r.) Marc Weyland (Direkter vun der ASTA); Luc Emering (L.L.J.) ; Ben Schmitgen (L.L.J.); Pierre Pickaerts (L.L.J.); Charles Welbes (L.L.J.); Marc Jacobs (President vun der Aktioun „Fro de Bauer“, L.L.J.), Dr. Felix Wildschütz (Direkter vun der ASV) © Landwirtschaftsministère

Related topics 2020, ASTA, ASV, Fro de Bauer, Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, LLJ, Minister fir Landwirtschaft, Neijoerschdagsempfang, PAC, Romain Schneider
Next post Previous post