ROME – Concert annuléiert

A Gedanke beim Gigi

D‘Kulturfabrik vun Esch an déi Lëtzebuerger Musekerwelt ass an déiwer Trauer. De Gigi, een talentéierte Museker an Techniker aus der Kulturfabrik ass virun e puer Deeg verstuerwen.

Fir vill Leit war hien e Frënd, et war eng Beräicherung mat him ze schaffen. Do ass sech jiddwereen eeneg.

Duerch dës traureg Ëmstänn huet d’Band ROME, zesumme mat der Kulturfabrik entscheet, hire Concert vum Samschdeg, de 6. November ofzesoen.

D’Band ass enk mat der Ekipp vun der Kufa verbonnen, an dat net nëmmen duerch zuelräich Optrëtter. Et ass och reegelméisseg bei anere Veranstaltungen gehollef ginn – mat de Joren ass esou eng kleng Kënschtlerfamill entstanen.

De Concert ofzesoen ass genee dat Richtegt, d‘Gedanke wäerten nämlech op enger anerer Plaz sinn. Beim Gigi a senger Bäisetzung. Et ass wichteg,hie bei sengem leschte Wee ze begleeden. Der Trauer soll een déi néideg Zäit loossen. Eréischt dann, kann den nächste Concert stattfannen. Dëst passéiert dann ouni de Gigi, mee hie wäert an den Häerzer, de Maueren vun der Kulturfabrik esou wéi an all Toun present sinn.

All reservéierten Ticket gëtt selbstverständlech zeréckerstatt. Am nächste Joer wäert et definitiv eng Show mat ROME ginn. Den Datum gëtt nach verëffentlecht.

Ma dat huet elo kee Virrang. Fir d’éischt heescht et, dem Gigi Äddi ze soen. A Merci.

Opmaacherfoto: Kulturfabrik/Facebook

Dernières nouvelles