Search

You may also like

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
Meenung Neiegkeeten

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!

The Polka King ass e Film, deen ee weder als

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Meenung Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

Problemer vu Regierung a Pandemie ginn Hand an Hand
Meenung Neiegkeeten

Problemer vu Regierung a Pandemie ginn Hand an Hand

A Malaysien ginn aktuell d‘Zuele vun den Neiinfektiounen duerch de

Lëtzebuerg ass bei der Ëmsetzung vun de Moossname vu LGBTIQ-Rechter an d’Strauchele komm

Lëtzebuerg ass bei der Ëmsetzung vun de Moossname vu LGBTIQ-Rechter an d’Strauchele komm

De 17. Mee 2021 war den internationalen Dag géint Homo-, Bi-, Inter- an Transphobie – kuerz IDAHOBIT genannt. Zäit e Bilan ze zéien. Op der ILGA Rainbow Map, déi verëffentlecht gouf, weisen sech Fort- oder Réckschrëtter vun 49 europäesche Länner- an dat am Bezuch op Fuerderungen, déi zu enger verbesserter (rechtlecher) Situatioun fir LGBTIQ Persoune féieren.

Hei zu Lëtzebuerg ass déi gemengnëtzeg Organisatioun Rosa fir d’Erfaassung vun den Daten zoustänneg. Dobäi ass festgestallt ginn, datt et zu enger Stagnatioun komm ass. An dat net nëmmen zu Lëtzebuerg, an de vergaangenen 12 Méint ass leider europawäit e konservative Wand bemierkbar ginn. Dobäi ass et wichteg mam gudde Beispill virun ze goen!

Dofir ginn dëst Joer zwou nei Fuerderungen an den ILGA Europe-Fuerderungskatalog opgeholl: d’Aféierung vu rechtleche Verfaren zur Geschlechtsunerkennung fir Mannerjäreger sou wéi d’Unerkennung vun Net-binäre Persounen. Dat éischt huet Lëtzebuerg schonn ëmgesat, fir déi gesetzlech Unerkennung vun Net-binäre Persoune gëtt et nach keng Ëmsetzung. Zemools op dësem Gebitt géing e séiert Resultat begréisst ginn.

Eng weider Baustell ass d’Co-Eltereschaft am Fall vu gläichgeschlechtlechen Elteren. Hei gëtt et zanter Joren e Sputt, déi och mat der Adoptiounsreform vun 2015 net behuewe ginn ass a Reeboufamillje virun Erausfuerderunge stellt. Och e Verbuet vu Konversiounstherapien (de “Versuch” d’Homosexualitéit ze heelen oder eng Upassung vum Gesetz iwwer Hate Crime wäre weider Baustellen, déi ee liicht ugoe kéint.

Rosa Lëtzebuerg ass mam Kurs vun der Justizministesch betreffend dem Verbuet vun der Anonymitéit bei Samenspender am Kontext mat der kënschtleche Befruchtung onzefridden. Dëse Wee versicht Reeboufamilljen an heteronormativ Kategorien ze zwéngen. Tatsächlech Liewensrealitéiten an dëse Famillje ginn ignoréiert.

D’Konsequenz ass eng onwesentlech Reduzéierung vu Spendenofferen, dofir schwätzt sech Rosa Lëtzebuerg fir de Mëttelwee vun der Fräiwëllegkeet aus.

LGBTIQ+ Community no engem Joer Pandemie

E Joer nom éischte Lockdown an no méi wéi zwielef Méint, ass et zum Deel zu besonnesch aschneidenden Aschränkunge komm. Nodeems d’Kontakter zu anere Persounen, déi net zum Haushalt gehéieren, iwwer Wochen a Méint onméiglech waren, goufe vill Membere vun der Community mat Einsamkeet an Isolatioun konfrontéiert.

Wichteg Plazen fir LGBTIQ+ Persounen, sougenannten Safe Spaces hu missen zoumaachen, och sozio-pedagogesch Ulafstellen hunn hire Betrib misse reduzéieren oder ganz astellen. Queer Kultur ass just a reduzéiertem Moos fonnt ginn. Am leschte Joer hat d’Organisatioun, déi nëmme mat Benevole schafft, dofir mat ville Kontaktopname vu betraffene Memberen ze dinn.

D’Ubidde vun Hëllefsstellungen an d’Weidervermëttelen u professionell Plazen hunn zäitweis d’Grenze vun de Benevollen op d’Prouf gestallt. Duerch d’Impfcampagne kënnt en Enn vun der Kris ëmmer méi no – dofir mécht sech Rosa Lëtzebuerg Gedanken iwwert den Zoustand vun der queerer Community. Zemools well verschidde Safe Spaces d’Kris net erlieft hunn, mussen elo aner Weeër fonnt ginn, fir déi queer Kultur an d’Erméigleche vu Begéignungen ze realiséieren.

An dësem Kontext versicht Rosa Lëtzebuerg, hirer Roll als Interessensvertriedung vun der lëtzebuergescher Community nozekommen a schafft u verschiddene Projeten. Een dovunner wäert d’Luxembourg Pride Week sinn, déi vum 3. bis den 11. Juli stattfënnt. Gedenkzeremonië fir Affer vu queerphober Gewalt, Virliesungen a Podiumsdiskussioune sinn Deel vun dëser Woch.

Den Highlight, d’Stroossefest gouf duerch eng Pride Show ersat. Hei schafft Rosa Lëtzebuerg un enger Hybridform, bei der de Programm via Livestream iwwerdroe gëtt a bei deem e Live-Publikum méiglech kéint sinn. Natierlech ënnert den néidege Sécherheetsmoossnamen.

*matgedeelt vu Rosa Lëtzebuerg asbl, aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Opmaacherbild: © Jiroe / unsplash

Related topics Adoptioun, Co-Eltereschaft, gläichgeschlechtlech Koppele, IDAHOT, ILGA Rainbow Map, Internationalen Dag géint Homophobie, Pride Show, Rosa Lëtzebuerg
Next post Previous post