Search

You may also like

Och op der Flucht brauch et Geld
Neiegkeeten

Och op der Flucht brauch et Geld

D’Mënschen, déi duerch de Konflikt am Nordoste vun Nigeria hu

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521
Neiegkeeten

VERRÉCKELT: MAMA MUH UND DIE KRÄHE um 4. Oktober 2020 am Cube 521

Déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir
Neiegkeeten

Covid19: Europa bereet sech nees op de Lockdown vir

Frankräich huet et gëschter annoncéiert, Däitschland setzt ab ee Méindeg

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité

„Haut leeën ech eng Rous néier wëll...“

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité

Scho fir déi 8. Kéier fënnt um 25. November 2020 den Aktiounsdag Roses Revolution um internationalen Niveau statt. Ma, och Lëtzebuerg hëlt Deel a rifft all Betraffener (Elteren a Begleetpersounen), Hiewanen, medezinescht Fachpersonal a Stagiairen dozou op, en Zeeche géint Respektlosegkeet an iwwergrëffeg Verhalensweisen ze setzen.

Et sollt eigentlech ee vun de schéinsten a bedeitendste Momenter am Liewe vun enger Mamm an/oder Koppel sinn, hiert Kand op d’Welt ze bréngen. Ma, laut Roses Revolution Luxembourg wier et och hei am Land keng Seelenheet, datt d’Fraen an der Maternité net anstänneg behandelt ginn. D’Schweige muss gebrach ginn, fir datt um politeschen Niveau fir Besserung gesuergt ka ginn.

Gebuert

An dësem Kader gëtt dozou opgeruff, um 25. November 2020 symbolesch eng Rous virun deem Spidol néierzeleeën, an dem ee bei der Gebuert net esou behandelt ginn ass, wéi ee sech et gewënscht hätt. A fir datt Dir net eleng sidd, wäert virun all Klinik eng Begleetpersoun stoen fir Iech ze ënnerstëtzen. Wie bereet ass, iwwert seng Erfarungen ze schwätzen, dréit dozou bäi e bessert Bild vun der Situatioun ze kréien fir datt Roses Revolutioun kloer Fuerderungen un d’Politik an d’Gesondheetswiese stelle kann.

Zu Gewalt wärend der Gebuert gehéieren Iwwergrëffer um kierperlechen a verbalen Niveau, d’Mëssuechtung vun der kierperlecher Autonomie an d’Ignoréiere vun der Entscheedungsfräiheet vun der Fra.

Zu Lëtzebuerg hu Betraffener ëmmer erëm folgend Situatioune geschëldert:

  • Autoritären a respektlosen Toun, virun allem wann engem Dokter seng Meenung zu enger Prozedur hannerfrot a méi Erklärunge gefuerdert ginn;
  • Dreeungen (z.B. „Wann Dir dat net maacht, stierft Äert Kand“ oder „Hei gëtt gemaach wéi ech et soen“);
  • Injektioun vu Mëttel ouni Opklärung an/oder Accord;
  • ongewollt vaginal Ënnersichungen;
  • Verweigerung vun der Beweegungsfräiheet;
  • Agrëffer, déi keng medezinesch Grondlag opweisen.

Roses Revolutioun mécht en Tabuthema ëffentlech an all Mamm, déi ouni Respekt an der Maternité behandelt ginn ass, kann zu engem Wandel bäidroen.

Related topics Dreeung, Elteren, Gebuert, Gewalt, Interview, Maternité, Respektlosegkeet, Roses Revolution, Rous néierleeën, Spidol
Next post Previous post