Search

You may also like

Covid19: Lëtzebuerg deemnächst op der rouder Lëscht?
Kultur Neiegkeeten

Covid19: Lëtzebuerg deemnächst op der rouder Lëscht?

Wie vill test, fënnt och entspriechend méi infizéiert Persounen. Lëtzebuerg

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?
Kultur Neiegkeeten

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?

Des Fro stellt sech d’Sylvie Mischel op Facebook. D’Presidentin vun

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021
Kultur Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

D’Rotondes soen d’Majoritéit vum Programm of

D’Rotondes soen d’Majoritéit vum Programm of

Duerch d’Moossnamen an d’Restriktiounen, déi d’Regierung kierzlech beschloss huet, mussen d’Rotondes de Groussdeel vun hirem Programm fir den Zäitraum vum 26. November bis de 15. Dezember op Äis leeën.

Et huet ee sech strikt un déi sanitär Mesure gehalen, all Hiewel a Beweegung gesat fir trotz Aschränkungen Kultur bidden ze kënnen. Trotzdeem wäert et elo nees a ville Beräicher méi roueg ginn.

Fir d’Rotondes bedeit dat Folgendes:

  • De Spektakel Birdie (26.11.2020) gëtt op 2021 verréckelt;
  • De Museksatelier TipTipTaps ass annuléiert;
  • D’Concerte vu Filles de Illighadad (04.12.2020), Pantha du Prince (05.12.2020) a vu Seed To Tree (12. + 13.12.2020) gi wahrscheinlech verréckelt;
  • D’Buvette ass zou;
  • All DJ Sets sinn ofgesot;
  • D’Installatiounen loop a cube sinn net méi zougänglech.

D’Annulatiounen bezéie sech wéi gesot op den Zäitraum bis de 15. Dezember 2020.

Eng positiv Noriicht gëtt et awer: D’Expo LEAP gëtt bis den 13. Dezember 2020 verlängert an dierf weiderhin Visiteuren empfänken. D’Wierker vum Suzan Noesen, dem Nina Tomàs, dem Duo Bruno Baltzer a Leonora Bisagno an der LEAP-Gewënnerin Hisae Ikenaga kënnen vu Méindes bis Mëttwochs a vu Freides bis Sonndes vu 15:00 bis 19:00 Auer besicht ginn.

Aktuell verfollegt d’Ekipp vun de Rotondes d’Recommandatiounen an Ännerungen säitens den Autoritéiten fir weider Upassungen ëmsetzen ze kënnen an och zu engem spéideren Zäitpunkt méi genee Aussoen zum weidere Verlaf vun der Programmatioun maachen ze kënnen.

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Birdie, DJ Sets, Expo LEAP, nei Moossnamen, Ofso, Programm, Restriktiounen, Rotondes, Seed To Tree
Next post Previous post