Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin zu Spektakele gëtt bei de Rotondes eng Hellewull u kulturellen Aktivitéiten zesummegestallt. Do fënnt bestëmmt jiddwereen eng Auszäit vum Alldag.
Spektakelen a Laboen
GO!
Cie Corps In Situ (Franséisch/Lëtzebuergesch)
Sonndes, de 06.03.2022 no 15:00 Auer.
Et ass méiglech ab 7 Joer matzemaachen, de Spektakel dauert ongeféier 35 Minutten. Weider Informatioune sinn hei.
Labo / Dansen a Kampfkonscht
LABO GO!
Sonndes, de 06. Mäerz no 16 Auer Et ass méiglech ab 8 Joer matzemaachen. Dëst Event dauert 60 Minutten an ass op Franséisch a Lëtzebuerg. Et muss ee keng weider Kenntnesser hunn. Weider Informatioune fannt Dir hei.
Projectioun / Architecture
THE CONSTRUCTION OF VILLA ALÉM
Wat ass Architektur?
Mëttwoch, den 2. Mäerz no 19 Auer
Organiséiert vu WAA (Julie Marthe Hoffmann, Étienne Duval, Lukas Held) an natierlech an Zesummenaarbecht mat de Rotondes.
Weider Informatioune fannt dir hei.
Projectioun & Renconter
BODY: POLITICS − EXPERIMENTAL FEMINIST SHORT FILMS
Queer loox: The queer-feminist film series in Luxembourg
Dënschdes, den 08. Mäerz no 19 Auer, organiséiert vu queer loox a.s.b.l.
D’Event ass ab 16 Joer zougänglech. Weider Informatioune fannt dir hei.
Visuell Konscht
Ausstellung / Spot & Installatioun
ARCHAEOLOGICAL MANUFACTURING
Hisae Ikenaga
D’Ausstellung ass nach bis de 5. Juni 2022 zougänglech.
Weider Informatioune fannt Dir hei.
Loop & Video
ANTHROPOCEAN – EXPONENTIAL EXPANSION
Ganaël Dumreicher, Michelle Kleyr & Lucie Wahl
(vum 25.September 2021 bis de 17. Abrëll 2022)
D’Entrée ass fräi. Weider Informatioune fannt Dir hei.
Cube & Installatioun
ANTHROPOCEAN − DESTRUCTION OF A SILENT WORLD
Ganaël Dumreicher, Michelle Kleyr & Lucie Wahl
(vum 25.September 2021 bis de 17. Abrëll 2022) D’Entrée ass fräi.
Weider Informatioune fannt Dir hei.