Search

You may also like

Afrikanesch Schwéngspescht: 7 Schwäi geschoss – all Tester negativ!
Kultur Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: 7 Schwäi geschoss – all Tester negativ!

Um 4. a 5. Juli ass un der belsch-lëtzebuergescher Grenz

surprise
D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!
Kultur Neiegkeeten

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Um Mëttwoch hunn sech déi „Alliéiert“ vum Irak am Kader

D’Lëtzebuerger Koproduktioun „Mission Ulja Funk“ fir d’Berlinale 2021 ausgewielt
Kultur Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Koproduktioun „Mission Ulja Funk“ fir d’Berlinale 2021 ausgewielt

Bis nächsten Donneschdeg sollen d’Selektioun vun de Filmer an déi

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp vun de Rotondes verschidden Aktivitéite fir Doheem aus. Mam Hashtag #rotondeshomedelivery komme Kultur an Ënnerhalung direkt an déi eege véier Wänn.

  • MOOLT ONS EEN… / DESSINE-MOI UN… ONLINE
    Vum 1. bis de 7. Juni 2020
    Bei dëser Editioun vum Molconcours gëtt alles XXL! No der Annonce vum Thema op der Facebooksäit vum Evenement kann ab dem 1. Juni all Famill oder Ekipp wärend enger Woch ee kënschtlerescht Wierk erstellen.
    Wärend dëser Woch kënnen d’Artisten hir Iddien deelen a wichteg Tipps kréien. De Jury trëfft dann en Dënschdeg, den 9. Juni seng Entscheedung.
    Weider Informatioune ginn et op rotondes.luRotondes


  • TRIENNALE JEUNE CRÉATION: ENG DIGITAL PLATTFORM
    Déi 5. Editioun vun der Triennale Jeune Création, déi eigentlech dëse Summer stattfanne sollt, ass op den 2. Juli bis 29. August 2021 an de Rotondes an am Casino Luxembourg verréckelt ginn. Thema ass „Brave New World Order“.
    Wëll physesch Treffen aktuell nach problematesch sinn huet een déi digital Plattform bravenewworldorder.lu erstallt iwwert deen d’Membere vun der Triennale presentéiert ginn, hannert d’Kulisse gekuckt gëtt an d’Kënschtler hir Reflexiounen deele kënnen.

HOME DELIVERY

Weider ënnerhalend Propositiounen fir Aktivitéiten Doheem fannt Dir op rotondes.lu. An nächster Zäit wäerte weider Propositioune vun de Rotondes op Facebook an Instagram verëffentlecht ginn. Et gëllt also Aen an Oueren opzehalen!

Rotondes

Related topics Heemliwwerservice, Jonk Konscht Triennal, Konscht, Molconcours, Moolt ons ee ..., Rotondes, Rotondes Home Delivery, Triennale Jeune Création
Next post Previous post