CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!
Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde
Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde
Déi grouss Majoritéit vun de Republikaner am US-Senat ass dem
Zesumme mat der ASTI an Amnesty International hu Militante vun
Schonn zënter 2018 organiséiert de Sproochen- a Literaturinstitut Konferenzen, déi der Lëtzebuerger Kulturgeschicht vum 19. Joerhonnert bis haut gewidmet sinn. Fir seng Saison 20/21 ginn dräi vun dëse Konferenzen, bei deenen a Kollaboratioun mam CNA a CAPE ënnert anerem och wäertvoll a bedeitend Dokumenter aus den Archiven gewise ginn.
Besonnesch fir all Persounen, déi un der Landschaft vun de Medien, dem Theater an der Musek vum Groussherzogtum interesséiert sinn, eegne sech dës informativ Owenter. Wéi huet sech ee Beräich weiderentwéckelt? Wéi gesäit et haut aus a wéi een Ereegnis war besonnesch markant?
Déi éischt Konferenz fënnt um 14. Oktober statt a riicht sech un de Radio an d’Telé am 20. an 21. Joerhonnert. Ëm d’Presentatioun këmmert sech keen aneren wéi den Yves Steichen, deen de Publikum zeréck an d’Joer 1929 féiert, ier et iwwert déi medial Autobunn an d’Géigewaart geet.
Béid aner Konferenzen si fir Ufank 2021 geplangt. Am Januar presentéiert den Ian De Toffoli déi professionell Theaterbühn vun de 60er Jore bis haut, ier dann am Mäerz de Marc Clement sech op d’elektronesch Musek zu Lëtzebuerg gehäit.
D’Konferenze si gratis, mee d’Reservatioun am viraus ass obligatoresch.
Weider Informatiounen an d’Umeldung fannt Dir op rotondes.lu.