Search

You may also like

Studentefoire 2020: De Minister Meisch weist sech zefridde mam digitale Wee
Kultur Neiegkeeten

Studentefoire 2020: De Minister Meisch weist sech zefridde mam digitale Wee

Déi 34. Editioun vun der traditioneller Lëtzebuerger Studentefoire ass net

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback
Kultur Neiegkeeten

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert,

Keng Zäit, an dat fir näischt
Kultur Neiegkeeten

Keng Zäit, an dat fir näischt

Den Nico Helminger gouf déi lescht Woch mam Servais Präis

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019

Am kulturelle Beräich hu sech déi lescht Méint vun der Pandemie bal wéi ee Joer ugefillt. Dësen Ament vun der Rou hunn d’Rotondes, ee Kulturzentrum zu Bouneweg ausgenotzt, fir de Bilan vun 2019 ze zéien, een nostalgesche Réckbléck ze woen a sech schonn op déi d’Zäit nom Ausnamezoustand ze freeën.

Besonnesch an Erënnerung bliwwen, ass de Summerfestival Congés Annulés, wou déi lokal Zeen gefërdert an ënnerstëtzt gëtt. T’ass dat Evenement, wou d’Sortie vun neien Alben vu Lëtzebuerger Kënschtler gefeiert gëtt, sou wéi beispillsweis vu C’est Karma oder och District7. Generell konnten um Niveau Concerten méi Visiteure gezielt ginn.

Am Beräich vun der visueller Konscht konnt 2019 duerch zwou Ausstellunge gepräägt ginn. Do hu mir ee Mol Chloé Pernarau/Cuistax, organiséiert am Kader vu Fabula Rasa a loop l’exposition, woubäi 10 Joer Videokreatioun zelebréiert gi sinn.

Carré Rotondes Programm

© Melvin Hatto/moien.lu

Dobäi kënnt déi zweet Editioun vun der Biennale vun der digitaler Konscht Zimlech Multiplica, sou wéi de kreative Festival TheOpenEnd. Ganzer fënnef nei Produktioune hu sech am Kader vu loop, cube a spot agegliddert.

De Rotondes hiert Zil ass et, mam Joresprogramm all Altersgruppen unzeschwätzen. Esou probéiert d’Ekipp Aktivitéite fir kleng Kanner, Jonker an Erwuessener unzebidden. An dësem Kader ass d’Konzept After-Talks agefouert ginn. No de Spektakelen huet de Publikum d’Méiglechkeet, sech mam Artist auszetauschen.

Immens houfreg ass de Kulturzentrum iwwert seng eege Produktiounen, respektiv Koproduktiounen. Heizou gehéiert ënnert anerem Willkommen, Bienvenue, Wëllkomm! an Ei, Ei, Ei?!

Wat der Ekipp besonnesch opgefall ass: D’Ressource musse richteg genotzt ginn. Ganzer 133 Evenementer sinn an de verschiddenste Faarwen a Formen dobaussen organiséiert ginn. Vu Multiplica, bis hin zum Street Food Festival eat it waren Organisatioun, Disponibilitéit a Kapassitéite gefrot.

„Mir hoffen virun allem eis verschidde Publika besser identifizéieren ze kënnen, Zilgruppen ze bestëmmen a si bei eis ze halen De Räichtum vun eiser Struktur ass, datt jiddwereen aus spezifeschen, awer immens ënnerschiddleche Grënn bei eis kënnt. Elo ass et un eis virunzefueren, ouni nozeloossen“, erkläert den Direkter Steph Meyers.

Aktuell freet d’Team vun de Rotondes sech op déi post-pandemesch Zukunft. Et hofft een d’Aktivitéiten nees mat Motivatioun an Energie Ufank August ophuelen ze kënnen an am Hierscht an d’Saison 20/21 starten ze dierfen.

Related topics 2019, Carré Rotondes, Concert, Congés Annulés, Fabula Rasa, Joresrapport, Multiplica, Post-Pandemie, Réckbléck, Retrospektiv, Steph Meyers, Street Foot Festival, TheOpenEnd
Next post Previous post