Search

You may also like

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!
Neiegkeeten Stories

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!

Et wier bal een normale Festival, huet sech den Direkter

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun
Neiegkeeten Stories

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun

Mat iwwer 300 Evenementer an den ënnerschiddlechste kulturelle Beräicher ass

Minister erwiert sech de Beschëllegungen
Neiegkeeten Stories

Minister erwiert sech de Beschëllegungen

No dem Positionnement vun der Policegewerkschaft SNPGL, zu dem Minister

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?

Lescht Joer ass eng Frëndin an en Altersheim koum. D’Fra ass nach net esou al, mee leit un enger schwéierer Krankheet, esou, dass si sech kaum nach beweege kann an et och mat Hëllefsdéngschter doheem net méi gaangen ass. Eng Zäit ass et an deem Heem och gutt gaangen, an d’Fra war zefridden. Bis op eemol, do ass si rabbelkäppeg ginn.

Ech muss et zouginn, si ass kee liichte Patient. Et ass fir mech esou, dass d’Madamm, déi do louch a sech krankheetsbedéngt kaum beweege ka, sech och schwéier mat deier Situatioun offanne kann. Et ass jo schro, fir do ze léie mat mol nach net 60 Joer. Si huet dann och oftmools telefonéiert, an dat war effektiv e Problem. Jo, si huet et iwwerdriwwen an dofir och den Telefon vun der Ariichtung ofgeholl krut.

Och huet si dauernd nom Personal geruff a geschellt. Sécher, dat ass e Problem, mee wie weess, wéi mir géife reagéieren? D’Resultat war, dass d’Fra voller Pëlle gestoppt gouf an d’Famill gesot krut, si géif entlooss gi, wann dat net besser gëtt. Herno ass si och entlooss ginn. Vläicht war dat och besser, well soss wier si scho längst net méi ënnert eis.

Jiddefalls gouf d’Madamm deemools bei e Psychiater bruecht an deen hat hir staark Pëlle verschriwwen. Anscheinend war nach alles gutt am Spidol, mä wou si nees an d’Heem erëm koum, do hätt si gejaut an d’Personal vernannt a mat Saache ronderëm sech gehäit. Ech weess, wéi
gesot, dass d’Madamm e schwierege Fall ass, awer, dass si sech esou beholl hätt, hunn ech nach ni héieren.

Si war ëmmer eng léif Persoun, déi ni rose ginn ass, an och ni engem anere Frechheete gesot huet. Ech si kee Medeziner, a verstinn och net firwat dat soll esou gewiescht sinn. Ech hu just nëmmen eng eenzeg Erklärung dofir, an dat ass déi, dass dat vläicht eng Reaktioun op gewësse „Medikamenter“ kéint gewiescht sinn. Do ginn et sou genannt “Reciproque Effekter” als Niewewierkung, och mat Amnesie. Well, nodeems d’Madamm esou eng Kris hat, konnt si sech net méi erënnere wat si gemaach hat.

Wou ech eng Kéier do war, weess ech net, ob a wat si vun eisem Besuch iwwerhaapt matkrut. Voll gestoppt mat Pëlle wollt si eppes soen a no 3 Wierder wousst si net méi wat, an hir ass de Kapp no ënne gefall. Dat wier dann en „Traitement“, wéi verschidde Medeziner dat gären nennen, an d’Famill wier och domat averstane gewiescht, dat laut den Aussoe vun der Infirmière. Ech sot, dat wier eng chemesch Zwangsjackett.

Well ech net vun der Famill si, konnt mir och näischt weider gesot ginn. Ech verstinn dat jo, trotzdeem hunn ech mir grouss Suerge gemaach. Ech sot zu der Infirmiere, et géif ëm Mënsche goen an dat do wieren aus menger Siicht éischter Methoden, déi ech mat engem totalitäre Regimm vu fréier associéiere géif.

D’Madamm war fir mech an engem ganz schlechten Zoustand, a meng Famill, déi ëmmer e ganz gutt Verhältnis zu hir hat, huet esouguer gefaart, dass si duerch déi doten “Zwangsmedikatioun” zu Doud therapéiert kéint gi well si war och nach komplett opgelaf.

Dofir hunn ech mech un de Familljeministère geriicht. Den Dossier ass spéider zougemaach gi mat léiwe Wierder wéi „Är Frëndin ka frou sinn, datt Dir Iech esou fir si asetzt“, a gläichzäiteg awer „Wéi beschwat um Telefon sinn eis d’Hänn gebonnen, eppes ze maachen ouni datt Famill dat matdréit“, natierlech ouni Suite fir gewësse responsabel Leit. Ech si net vun der Famill an dofir konnt ech och näischt maachen, an d’Famill wollt näischt maache, well si gefaart hunn, dass d’Madamm dann aus dem Heem géif fléien… Si waren do “ënner Drock gesat”, wéi mir spéider beschriwwe gouf. (Ech hat schonn esou eng Viranung).

Wisou kann en Dokter esou eppes mat engem Mënsch maachen? D’Famill wier mat deem „Traitement“ averstane gewiescht a si hätten och erkläert krut, em wat et géif goen. D’Famill wousst awer mol net de Numm vum Psychiater. Esou en „Traitement“ kann ech beschtefalls als
„Zwangseuthanasie“ betruechten.

Fir mech ass esou eppes einfach nëmme kriminell, an ech hoffen, dass déi Zort „Behandlung“ gläich passé wäert sinn. Gesäit esou en “Traitement” aus, dass een als schwéiere Fleegefall säi Liewensenn esou verbrénge muss, zumindest op esou eng Manéier behandelt gëtt, och wann een e bësse méi e schwierege Patient ass? E Liewensenn – wou eventuell fréizäiteg zu Enn geet – well méiglecherweis aner Leit dat esou decidéieren? Ass et dat, wat ënner chrëschtlecher Nächsteléift verstane gëtt?

An der Lescht an deem Etablissement huet d’Fra misse mat enger Sonde kënschtlech ernäert ginn. Du koum dann d’Kënnegung, d’Madamm gouf entlooss. D’Famill wousst net méi wat maachen, well et ass esou, dass si an der Verantwortung si, fir sech ze beméien, een neit Etablissement ze fannen. Temporär koum d’Fra an engem Spidol ënner, an do hu se mol déi Pëllenarmada, déi géint si geriicht war, lues a lues ofgebaut, an et goung hir den Ëmstänn entspriechend besser. Se krut do och mol nees eppes vum Liewe mat, och wann dat Liewe fir si egal wéi net méi ganz erfreelech ass. Zumindest konnt si awer nees eleng iessen.

Ma, éierlech gesot, ech wier léiwer dout, wéi ënnert esou Ëmstänn anzwuersch ze leien an ech sot zu mengem Meedchen, esou wëll ech ni endegen: Et kann ee guer näischt maachen, sech net wieren, et muss een einfach alles iwwer sech ergoe loossen.

Elo am neie Fleegeheem, ass et net vill besser. Och do war et eng Zäit ganz gutt gaange mä elo ass si nees esou voller Pëlle gestoppt, wat och do als sou genannt „Traitement“ bezeechent gëtt, dass si eis kierzlech wou mir zu Besuch ware net méi erëm erkannt huet an zu mir sot, „Monsieur, maacht mir de Fernseh un“. „Maach méi haart“ „De Kopfhörer. De Kopfhörer.“ Jo, leider waren do och keng Batterie méi dran…

Ech sot zu der Madamm: “Ma ech sinn et. Mir kommen dech besichen”. Keng Reaktioun, ausser: „De Fernseh“. Wat gëtt do mat eeleren oder och nach mat méi jonke Leit gemaach, déi sech net méi selwer hëllefe kënnen? Der Madamm hir Hänn zidderen, ech huelen u vun der gudder „Behandlung“. Si ass komplett nieft de Kapp a lieft an enger anerer Welt! De Staat soll kucke wéi et mat esou Fäll ass: Dass Leit einfach mat Pëlle voll gestoppt gi géint hire Wëllen, dat si fir mech Methoden, déi engem Land wéi Lëtzebuerg net wierdeg sinn.

Ofschléissend wëll ech nach dëst soen: Fréier hu Familljestrukturen existéiert an esouwäit et gaangen ass, hunn d’Leit zesummegehalen a géigesäiteg no enee gekuckt. An haut? Si mir eng Gesellschaft vu récksiichtslosen Egoiste ginn, deenen hir Kanner an de Crèchen opgezu ginn? Kee kuckt méi no deem aneren? Respekt hu vill Leit wuel nëmmen nach virum Geld? An dat ass m. M. no och dat, wat d’Politik scheinbar propagéiert. Leeschtungsdrock, ëmmer besser wéi deen anere sinn a vill Geld verdéngen? Een ass deem aner säin Däiwel. Ass dat eis modern Leeschtungsgesellschaft? Esou solle mir vu klengem un erzu ginn? Egoistesch a récksiichtslos ginn?

Dir Dammen, Dir Häre Minister, Fleegepersonal, Dokteren, Politiker, a jiddereen, dee sech an iergend enger Weis betraff fillt, ech wënsche Iech alles Guddes. Maacht Iech w.e.g. roueg mol e puer Gedanken iwwer esou Situatiounen, aus medezinescher wéi och aus mënschlecher Siicht. Ech prangere Mëssstänn un, déi ni hätten dierfte geschéien, an déi sécher och keng Eenzelfäll zu Lëtzebuerg sinn!

Matgedeelt vum Johnny Theisen

Related topics Altersheem, Fleegeheem, Gesondheetsministère, Lëtzebuerger Zoustänn, Medikamenter, Rouegstellung, Traitement
Next post Previous post