Search

You may also like

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht

Nodeems den US-Ausseminister Mike Pompeo e Méindeg däitlech Stellung zu

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten
Kultur Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten

E Freideg huet den OGBL, am Kontext vum Streik am

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?
Kultur Neiegkeeten

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een

D’Rouse vu Lëtzebuerg: Ausstellung un der Promenade vun der Musel

D’Rouse vu Lëtzebuerg: Ausstellung un der Promenade vun der Musel

Et beweegt sech eppes fir d’Rousen! Aus dësem Grond invitéieren d’Stad Gréiwemaacher an d’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg op hir Ausstellung dobaussen op der renovéierter Promenad un der Musel. Bis Enn Oktober gitt Dir op 24 Tafelen méi iwwert d’Geschicht vun der Rousenzuucht am Groussherzogtum an den Trend zur beléiftster Blumm gewuer.

D’Rous huet eng laang an opreegend Geschicht hannert sech, wouduerch hiert Ierwen an eise Käpp, Häerzer a Gäert verankert muss ginn. Mat Bléck op d’LUGA 2023 wëll een mat der Ausstellung d’Bewosstsinn fir d’Rousegeschicht an hir Bedeitung fir Parken a Gäert verdéiwen.

Rouse

D’Lëtzebuerger Rousentraditioun blitt nees op: Mat Schnëttcoursen oder och Formatioune fir ee fantastesche Rousegaart unzeleeën gëtt Iech d’Blumm méi no bruecht. Donieft ass geplangt am Gaart vum Osburg-Haus zu Gréiwemaacher, dat momentan renovéiert gëtt, ee Rousegaart ze setzen. De Message gëtt souwuel vu Muséeën, wéi och vun der Post, Chocolaterien, Bäckereien, Bijoutieren, Grafikdesigner a méi no bausse bruecht. No 100 Joer Dornréisschenschlof erwächt d’Rousenierwe vu Lëtzebuerg.

Opmaacherbild: © Erik Mclean / Unsplash

Related topics Ausstellung, Expo, Geschicht, Ierwen, LUGA 2023, Musel, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Promenad, Rouse, Stad Gréiwemaacher
Next post Previous post