Search

You may also like

Den neien nationale Krisenzenter zu Senneng gouf ageweit
Auto Neiegkeeten

Den neien nationale Krisenzenter zu Senneng gouf ageweit

Et si mouvementéiert Zäiten… Pandemie bedreeën d‘Mënschheet, de Klimawandel och

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet
Auto Neiegkeeten

Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet

Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS)

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
Auto Neiegkeeten

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

Rout FLEX-Minie mat gréngem Häerz

Rout FLEX-Minie mat gréngem Häerz

De Carsharing-Déngscht „FLEX“ vun der CFL feiert schonn säin 3. Gebuertsdag, an zu dësem flotten Anniversaire huet ee sech eng afale gelooss. Fir hir Clienten nach eppes weider besser zerwéieren ze kënnen, ass d‘Offer vu FLEX ëm 15 fuschnei rout Mini-Cooper SE erweidert ginn.

„Sportlech, Schick, Charmant. Bausse knallrout a bannendran ee gréngt Häerz: De Mini SE huet en emissiounsfräien Elektromotor“, esou déi léif Damm, déi dës nei Generatioun u Gefierer virstellt. A wéi gutt ass dat elo? Richteg gutt, well dank dëse butzege Flitzer, ass de Fuerpark vu FLEX elo zu 25% emissiounsfräi. Mobilitéit a Verantwortung fir Mënsch an Ëmwelt, fir d‘CFL ganz normal…

Wou fënnt ee se dann elo? Déi 15 Minie stinn natierlech net op engem Koup. Et huet der op der Gar an der Stad, am Parking „Europaplaz“ um Kierchbierg, zu Esch (jo och um Belval), Bartreng, um Campus Contern an zu Waasserbëlleg. Si sinn, wéi soll ee soen: „net ze iwwersinn“ a waarden eigentlech just drop an den Asaz ze kommen. Et ass zudeem net dat eenzegt wat 2021 geplangt ass.

FLEX-Minie© CFL Mobility / FLEX-Carsharing

Op iwwer 45 Standuerter bidden d‘CFL iwwert de Service „FLEX-Carsharing“ un. Nieft dëse 15 neien „Englänner“ verfüügt de FLEX-Fuerpark och iwwer Vans, am Fall wou een „zou méi“ ass. D‘Flott vun der CFL ëmfaasst dann elo och eng honnert Gefierer. De Jürgen Berg, Gerant vu CFL-Mobilitéit weist drop hin, datt déi Mini SE just en Ufank sinn a weider op Elektro gesat gëtt.

„Bis Mëtt vum Joer“, esou de Jürgen Berg „ginn och d‘Gefierer aus der éischter Generatioun duerch méi ëmweltfrëndlech Autoen ersat“. Säitens CFL-Mobilitéit ass fir den Hierscht geplangt, eng nei Software anzeféieren, déi derzou bäidroe soll besser op d‘Nofro agoen ze kënnen. Weider flott an interessant Innovatioune ginn och an Aussicht gestallt. Ma et schéngt gutt ze rullen, weider esou.

Foto: © CFL Mobility / FLEX-Carsharing

Related topics CFL, CFL Mobilitéit, Eisebunn, FLEX-Carsharing, Jürgen Berg
Next post Previous post