Search

You may also like

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
Kultur Neiegkeeten

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT
Kultur Neiegkeeten

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT

Den2. Oktober haten de Syndikat „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et

Wéi gutt kenns du Dikrech?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Dikrech?

[onionbuzz quiz-id=56][/onionbuzz] Dikrech ass eng vun de Pärele vum Lëtzebuerger

Och no 7 Joerzéngten ass de Succès vum Rout Kräiz Bazar ongebrach

Och no 7 Joerzéngten ass de Succès vum Rout Kräiz Bazar ongebrach

Et ass mat Ofstand ee vun de schéinsten Deeg am Aktivitéitskalenner vun der Stad Lëtzebuerg: de Sonndeg mam Bazar vum Roude Kräiz. A gëschter war et dann och schon déi 73. Editioun, déi wéi all déi Jore virdrun op en Neits e vollen Erfolleg war.

Dozou bäigedroen hunn awer net nëmmen déi iwwer 300 Fräiwëlleg. Och de Public deen all Joers zuelräich um Bazar erschéngt, mécht de Rout Kräiz Bazar zum erfollegräiche Familljefest an zum Dag vun der Solidaritéit. Esou war dann och dëst Hoer d‘Hal Victor Hugo um Lampertsbierg nees strubbelvoll an wou een higebléckt huet konnt een zefridde Gesiichter gesinn. Esou soll et och sinn.

Fir d‘Manou Hoss déi d‘Sektioun Stad presidéiert, ass d‘Freed an d‘Zefriddenheet vun de Gäscht déi éischt Prioritéit an all d‘Equippen déi op der Plaz am Asaz sinn, setzen dat mat vill Éiergäiz an Energie ëm. Hiren Enthusiasmus wier immens erfrëschend an dréit derzou bäi, datt een an engems wou ee Fonge fir d‘Aktivitéite vum Roude Kräiz sammelt, een och eppes Guddes vollbréngt.

Bazar

Dëse Sonndeg war de Bazar vum Roude Kräiz, engem traditionelle Stater Familljefest. Hei gouf et souwuel kulinaresch Pärele vir all Goût souwéi Animatioune fir d’Kanner, Vintagekleeder an Accessoirë mee och eng Brocante an Designproduiten. © Rout Kräiz Lëtzebuerg

Dat gëllt dann och fir déi sëllechen Exposante, déi sech all Joers nees vill Neies Afale loosse fir de Public ze iwwerraschen an ze begeeschteren. Esou gëtt et Kuriéises wéi Bekanntes, där Saache fir de klenge Portmonni an eppes fir déi grouss Täschen. Net ze vergiessen, datt hei och all Joers vill gastronomesch Leckereien ugebuede ginn. Et erkläert och, firwat déi d‘Leit ëmmer erëm kommen.

Elo muss awer och d‘Rout Kräiz sech all Joers eng afale loossen, fir de richtege Mix tëscht deem Traditionellen an den Neiegkeeten esou hinzekréien, datt de Public dem Bazar och trei bleift. Bis ewell – an esou och gëschter – ass dëst Rezept opgaangen. Dëst Joer huet de Bazar de Grënner vum Lëtzebuerger Roude Kräiz en Hommage gewidmet. Ee bëssi Geschicht ka jo och net schueden.

Bazar

Den Zinniklos huet de Bazar vum Roude Kräiz och besicht. Hien hat hei och eppes d‘Krapperten am Gepäck. © Rout Kräiz Lëtzebuerg

Jiddefalls wëssen d‘Besicher vum Bazar elo, datt d‘Rout Kräiz zu Lëtzebuerg op Initiativ vum Aline Mayrisch de Saint-Hubert an den Emile Mayrisch gegrënnt ginn ass. Zu hirem Gedenke goufe parfuméiert Käerzen ugebueden. Realiséiert goufen déi vum Virginie Depoorter dat hei zu Lëtzebuerg e Käerzen-Atelier huet. Alles 100% Handaarbecht an ee richtegt Naturprodukt.

D‘Butzen haten nees masseweis Atelieren an deenen si sech beschäftege konnten, während déi Erwuessen sech mat Kaddoe (ob fir sech selwer oder fir ze verschenken), Kleeder a Spillsaachen agedeckt hunn. Mee de Krapperte war dat wichtegst de Besuch vum Zinniklos. Deen huet, dat weess all Kand, fir déi „brav“ ëmmer eppes Séisses am Gepäck. Fir déi aner gëtt et den Houseker.

Foto: Dëse Sonndeg war de Bazar vum Roude Kräiz, engem traditionelle Stater Familljefest. Hei gouf et souwuel kulinaresch Pärele vir all Goût souwéi Animatioune fir d’Kanner, Vintagekleeder an Accessoirë mee och eng Brocante an Designproduiten. © Rout Kräiz Lëtzebuerg

Related topics Hal Victor Hugo, Lampertsbierg, Rout Kräiz, Rout-Kräiz Bazar, Zinniklos
Next post Previous post