Search

You may also like

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung
Kultur Neiegkeeten

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

D‘Dammen aus dem Botzsecteur… si wiere systemrelevant gouf gesot, elo

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
Kultur Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer datt de Produit

Rout Kräiz: ee musikalesche Rendez-Vous fir de gudden Zweck

Rout Kräiz: ee musikalesche Rendez-Vous fir de gudden Zweck

An Zesummenaarbecht mat Deloitte organiséiert dat Lëtzebuerger Rout Kräiz um Dënschdeg, den 23. Abrëll ee Benefice-Concert an der Philharmonie. Duerch dëst musikalescht Evenement kënne säit Joren humanitär Projeten ënnerstëtzt ginn.

Un dësem Owend wäert d’Leedung vum European Youth Orchestra an der Hand vum Dirigent Vasily Petrnko leien, woubäi si um Sopran vum Kristine Opolais begleet ginn. D’Suen, déi dëst Joer erakomme geet un d’Vakanzekolonië vum Roude Kräiz, bei deene Kanner a Jonker am Alter tëscht 4 a 17 Joer e puer flott Vakanzendeeg gebuede kënne kréien.

Kuckt ee sech de Programm un, esou sinn et déi grouss russesch Komponisten, déi un dësem Dag geéiert ginn. Am Repertoire sti Meeschterwierker, wéi dem Mikhaïl Glinka seng Ouverture de Rouslan a Ludmila oder och Melodië vum Sergueï Rachmaninov. Donieft ginn och Extraiten aus dem Tchaïkovski senger Oper Eugène Onéguine gebueden. Déi zweet Partie vum Concert gehéiert dem Dmitri Chostakovitch senger Symphonie N°10 a Mi Mineur.

Jonk Museker hu sech weltwäit zesumme geschloss fir d’European Union Youth Orchestraen ze grënnen. Zu Lëtzebuerg leeft de musikalesche Programm duerch d’Hand vum Vasily Petrenko, deen och Haaptchef vun der Philharmonie Oslo an dem Royal Liverpool Philharmonic Orchestra ass. Donieft wäert awer och eng vun de gefrote Sängerinne vun hirer Zäit, d’Kristine Opolais aus Lettland mat op der Bühn stoen.

rout kräiz

Kristine Opolais © Tatyana Vlasova

Weider Detailer

De Benefice-Concert vum Roude Kräiz fënnt den 23. Abrëll um 20:00 am Groussen Auditoire vun der Philharmonie statt. D’Tickete variéieren am Virverkaf an hirem Präis tëscht 30€, 45€ a 65€. D’Ticketen kritt Dir beispillsweis um Site vun der Philharmonie ze kaafen.

Opmaacherfoto: Den Dirigent Vasily Petrenko© Mark McNulty

Related topics Benefice-Concert, Deloitte, European Youth Orchestra, Kristine Opolais, Rout Kräiz
Next post Previous post