Search

You may also like

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch
Neiegkeeten

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch

Den Nawalny am Stroflager, d‘Krim nach ëmmer besat… Russland ass

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen
Neiegkeeten

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen

An der Suessemer Gemengerotssëtzung vum 2. Mäerz, haten déi lénk

Lëtzebuerger Rout-Kräiz sicht Bluttspender

Um haitege Freideg huet dat Lëtzebuerger Rout Kräiz op senger Internetsäit zum Bluttspenden opgeruff – d‘Reserven si knapp!

Lëtzebuerger Rout-Kräiz sicht Bluttspender

Am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz ass d‘Stëmmung bedréckt. D‘Spideeler brauche Blutt an dat elo, méiglechst scho gëschter… Laut dem Roude Kräiz ginn eis Bluttreserven op en Enn, dat well zanter ee puer Wochen, an de Spideeler och nees Agrëff un net-Covid19 Patiente virgeholl kënne ginn. Déi aktuell Reserve géifen net emol méi vir siwen Deeg duergoen, heescht et.

Dësen Appell, riicht sech an éischter Linn un déi reegelméisseg Spender, well déi scho mam System vertraut sinn a séier solle mobiliséiert kënne ginn. Et freet ee sech beim Roude Kräiz awer och iwwer all Neizougang. Wien nach ni Blutt gespend huet, soll sech op der Internetsäit dondusang.lu registréieren, wourop een da vum Roude Kräiz Lëtzebuerg zum klärende Gespréich ageluede gëtt.

Erënnere mir an dësem Kontext nach emol drun, datt et imminent wichteg ass, datt eng stänneg Versuergung mat frëschem Blutt séchergestallt ass. Dat huet och mat der Beschafenheet vum Blutt ze dinn. An dësem huet et Bestanddeeler, déi sech net laang halen. Bluttplättercher (Thrombozyten) beispillsweis kann een net emol eng Woch laang lageren. Et wier also gutt, elo eng ze ënnerhuelen.

Illustratioun: © Hush Naidoo / unsplash

Related topics Bluttplättercher, Bluttspenden, Blutttransfusiounszenter, Rout Kräiz, Spideeler
Next post Previous post