Search

You may also like

money
D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen
Neiegkeeten

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling
Neiegkeeten

Plëss: Wiener-Owend mat der Militärmusek an der Danzschoul Mireille Roulling

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Militärmusek hunn déi

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn
Neiegkeeten

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn

D‘Walen an den USA si Geschicht an a 14 Deeg

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar

Zanter enger Rei Deeg steet op der Stäreplaz ee sougenannte Rout-Luuchte-Radar. Dee sollt bis Enn Februar seng Aarbecht ophuelen. Et ass zuweilen den éischte Radar vun dëser Zort, an ee weidert Mëttel sech de Verstéiss géint de Code de la Route ze erwieren.

Dëse Radar deet awer net nëmmen drop uecht, datt d‘Automobilisten och bei Rout hale bleiwen, hie miesst niewebäi och d‘Vitesse. Fir dësen dann awer elo „Déngschtfäeg“ ze erklären, brauch et elo och ee Gesetz. Am Gesetz „Automatiséiert Kontroll- a Sanctiounssystemer“ vum 16. September 2015, war sech just op d‘Radare konzentréiert ginn, well d‘Technik senger Zäit nach net avancéiert sollt gewiescht sinn. (Zu Frankfurt-am-Main gëtt et déi Radaren awer scho säit den 80er Joren…)

Wéi och ëmmer, leschten Donneschdeg gouf de Gesetzprojet 7652 an der Mobilitéitskommissioun op de Leescht geholl. Bei der Presentatioun soll de Mobilitéitsminister François Bausch nach emol op de groussen Notze vun dëse Radaren agaange sinn. Esou géifen dës Anlage besonnesch op de geféierleche Plazen – wéi eben der Stäreplaz – derzou bäidroen, d‘Frequenz vun den Accidenter ganz erhieflech ze reduzéieren. Aus dësem Grond soll et dann och net bei dësem Radar bleiwen.

Zwee weider dëser Rout-Luucht-Radare solle kuerzfristeg installéiert ginn. Esou an der Hollerecher Strooss an um Schlammestee (bei Weiler-la-Tour). De Minister huet insistéiert, datt de Radar och nëmmen dann ausléist, wann ee Gefier d‘Luucht bei Rout, an net bei Orange passéiert. Den Text soll Ufank Februar vum Rapporter Carlo Back (déi gréng) an der Chamber zum Vott virgestallt an den Deputéierten zum Vott virgeluecht ginn. Et dierft och net bei dësen dräi Radare bleiwen.

Foto: © Chamber

Related topics François Bausch, Gesetzprojet 7652, Mobilitéitskommissioun, Rout-Luuchte-Radar, Verkéierssécherheet
Next post Previous post