Danzschoulen an Nout
No iwwert engem Joer Pandemie unzehuelen, datt déi politesch Acteure
No iwwert engem Joer Pandemie unzehuelen, datt déi politesch Acteure
Och an dësem Joer luet den Naturpark Our, zesumme mam
Iwwer zwee Drëttel vun der Äerd si vu Waasser bedeckt
Ee Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch säi Gesetzprojet agereecht, mat deem d‘Gesetz vum 25. Juli 2015 (betreffend d‘Kreatioun vun engem automatiséierte Kontroll- a Sanktiounssystem) soll ofgeännert ginn. Sënn an Zweck vun dëser Modifikatioun ass et, eng Upassung vum legale Kader a Previsioun vun der Installatioun vu Rout Luuchte Radaren an eng Modifikatioun vum Gesetz vum 14. Februar 1955 ze maachen, fir de Modifikatiounen déi am groussherzogleche Reglement vum 23. November 1955 virgeholl goufen, Rechnung ze droen.
Dës Radare kéinten allerdéngs net nëmmen op de roude Luuchte placéiert ginn, mee och op alle Plazen, wou d‘Police net ka present sinn. An dësem Gesetzprojet gëtt stipuléiert, datt dës automatiséiert Apparater sech als fix oder mobil Entitéit presentéiere kënnen, fir déi duerchschnëttlech Geschwindegkeet tëscht zwee Punkten, d‘iwwertriede vun der rouder Luucht, den Ofstand tëscht zwee Gefierer an engem Zäitraum vu mindestens zwou Sekonnen an/oder d‘Zirkulatioun op engem Halte-Sträifen (Noutspur), eng Partie vun der Strooss déi anere Benotzer virbehalen ass, oder eng zoue Spur. Dës Infraktioune kënnen da vun engem eenzegen Apparat aus opgeholl a sanktionéiert ginn.
Illustratioun: © Randy Tarampi / unsplash