Search

You may also like

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker
Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker

D’Liewensmëttelsécherheet informéiert doriwwer, datt an dem Produit Linguine Saumon-Spinat vu

Galeries Lafayette: Den OGBL gewënnt bei hire Sozialwahlen
Neiegkeeten

Galeries Lafayette: Den OGBL gewënnt bei hire Sozialwahlen

Nodeems am November 2019 d’Galeries Lafayette an der Haaptstad hir

Ee Podium nom aneren
Neiegkeeten

Ee Podium nom aneren

Leschte Samschdeg goufen déi zwou Manche vum virtuelle Porsche Mobil

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren

RTL Grupp léist Verhandlungen zum Sozialplang scheiteren

Wéi den OGBL matdeelt, sinn no aacht Verhandlungsronnen tëscht Personaldelegatioun an der Gewerkschaft engersäits, an dem Management vun der RTL Grupp S.A. anerersäits gescheitert. D‘Patronat hätt, esou den OGBL de Verhandlungsdësch virum Oflaf vun der Frist verlooss. An domatter sinn d‘Verhandlungen offiziell gescheitert.

Grond fir d‘Entscheedung vun de Bertelsmänner sech zréckzezéien, kéinten d‘Fuerderunge vun der Personaldelegatioun gewiescht sinn. Déi hunn ënnert anerem Entschiedegunge gefuerdert déi dem Rekordgewënn vum 1. Semester 2019 entspriechen. Hei schwätze mir dann och vu 443 Milliounen Euro, déi net vu Bertelsmann erschafft goufen, mee vun de Salariéeën déi vrun d‘Dier gesat ginn.

Interessant an dësem Kontext, datt den Thomas Rabe, CEO vun der RTL Grupp S.A., nach an der Ëffentlechkeet déck getéint huet, RTL géif sech grousszügeg géintiwwer senge Mataarbechter weisen. Elo awer berifft sech de Management op déi maartüblech Praxis. Wëll heeschen, datt ee bei RTL Grupp S.A. och wierklech nëmmen dat zougesteet, wat sech legal net verhënnere léisst.

Elo huet de Staat mam Xavier Bettel ee ganz geheimen „Deal“ ausgehandelt, well Bertelsmann jo och am Staatsoptrag Noriichten zu Lëtzebuerg fabrizéiert, dee finanziell duerchaus uspriechend ass. Als Géigeleeschtung hunn RTL Grupp S.A., CLT-UFA a Bertelsmann versprach d‘Konzernzentral zu Lëtzebuerg ze beloossen. Et schéngt dobäi egal, ob déi vun enger oder méi Persoune geleet gëtt.

Geheimniskréimerei ass feel un der Plaz

Fir den OGBL an d‘Personaldelegatioun ass dëse „geheimen Accord“ tëscht der Regierung an der RTL Grupp S.A. besuergnesereegend a werft zudeem eng ganz Rëtsch Froen op: Entsprécht d‘Entloossung vu 94 vun 112 Mataarbechter dësem Accord? Firwat ass d‘Ofkommes esou geheim, datt net emol déi Deputéiert den Text dierfen agesinn? Béis ass wien sech Schlechtes dobäi denkt.

Den OGBL jiddefalls wëll et net dobäi beloossen a fuerdert vun der Regierung, ugesiichts de sech verännerte Konditiounen, dëse Vertrag elo public ze maachen. Sollten d‘Entloossungen esou net am Vertragswierk verankert sinn, misst dat direkt gestoppt ginn. Bis dohinner ass déi weider Prozedur laut eisem Aarbechtsrecht esou, datt sech muss un de Conciliateur gewannt ginn.

Geséchert dierft sinn, datt ee säitens der Gewerkschaft, engem schlechte Sozialplang net zoustëmme wäert. Si riichten dann nach emol en Appell un d‘RTL Grupp an den Thomas Rabe, dach elo zumindest emol zu den Aussoen an der widderholl annoncéierter Grousszügegkeet ze stoen. Mee dat dierften d‘Bertelsmänner esou net hinhuelen, si hu schliisslech Verantwortung fir d‘Aktionariat.

Related topics Geheim, OGBL, RTL Grupp, Sozialplang, Staatsvertrag
Next post Previous post