Search

You may also like

Eng Frupstut statt Schoulkantin
Neiegkeeten

Eng Frupstut statt Schoulkantin

Wéi et den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) schonn annoncéiert hat,

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?
Neiegkeeten

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?

Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert

Nëmmen déi mannst packen et, dëse Quiz ronderëm eis Gare perfekt ofzeschléissen!
Neiegkeeten

Nëmmen déi mannst packen et, dëse Quiz ronderëm eis Gare perfekt ofzeschléissen!

[onionbuzz quiz-id=139][/onionbuzz] Du stees villäicht all Dag op enger Gare

Bertelsmann/RTL-Konzessiounsvertrag: den Dissens hält sech

Bertelsmann/RTL-Konzessiounsvertrag: den Dissens hält sech

Nodeems d‘Verwaltungsgeriicht dem Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) a leschter Instanz e Recht op Asiicht vum ganze Konzessiounsvertrag, deen d‘Regierung mat däitsche Mediekonzern Bertelsmann/RTL ofgeschloss huet, zougesprach ginn ass, dréint d‘Majoritéit op der Felg.

Besonnesch an der Reie vun der Demokratescher Partei (DP) hunn d‘Volleksvertrieder eppes géint esou eng Asiicht, well et jo ëm d‘Confidentialitéit geet. De Pim Knaff, beispillsweis hat versicht mat enger Motioun, d‘Regierung anzelueden, d‘Modalitéite vun der Ausféierung vun Urteel vum Verwaltungsgeriicht iwwert ee juristeschen Avis ze klären.

Dat war esouguer dem Chamberpresident Fernand Etgen (DP) net geheier, an d‘Motioun ass un Presidentekonferenz verwise ginn. Och dem ADR-Deputéierte Roy Reding seng Motioun, mat där d‘Regierung soll opgefuerdert ginn der „ganzer Chamber“ de Konzessiounsvertrag zu Asiicht virzeleeën, huet de Majoritéit net gefall. Dobäi gëtt jo kee gezwongen den Text ze liesen…

Et soll dann elo awer zu engem „Comité de Suivi“ (speziell fir dëse Konzessiounsvertrag) kommen an en Dënschdeg dierft et an der „Kommissioun vum Chambersreglement“ nees zum verbale Schlagaustausch kommen. D‘Majoritéitsparteien dierften et elo schonn als en Affront gesinn, datt de Roy Reding eng Propose zur Ofännerung vum Reglement agereecht huet.

Dem ADR-Deputéierte geet an dësem Kontext drëms, datt am Chambersreglement festgehale gëtt, datt op Propose vun der Presidentekonferenz, d‘Chamber een Deputéierte wielt, deen als Member vun dësem „Comité de Suivi“ ze ernennen ass. Hannergrond vun dëser Propositioun, ass de Punkt 1.3 vum genannte Konzessiounsvertrag mat Bertelsmann/RTL.

An dësem Passage, geet et ëm net manner wéi „d‘qualité du service public luxembourgeois de télévision“. De Roy Reding argumentéiert: „Vu, datt d‘Funktioun vum Comité de Suivi déi gutt Ausféierung vun der Konventioun am Kontext vun ‚service public luxembourgeois de télévision‘ iwwerwaache soll, wier et logesch, engem Deputéierten d‘Representatioun vun der Chamber an dësem Comité unzevertrauen“.

Kléngt vernënfteg, woubäi een an dësem Kontext nach soll dierfen drop hiweisen, datt allgemeng, wann d‘Regierung hanner zouen Dieren (an ouni datt et dozou géif Pièce ginn) Verträg aushandelt, déi net zwéngend am Interesse vum Land a senge Bierger sinn, d‘Chamber en Deputéierte sollt zu Kontroll delegéiere kënnen. Gutt dat wäert ni geschéien…

Geséchert ass jiddefalls, datt dëse Konzessiounsvertrag nach fir vill Onrou a Gedauschs, esouwuel an der Chamber wéi wuel och an der Regierung wäert suergen. Dem Immobilienagent vu Paräis a senge Parteikollegen, dierft dat alles manner gefalen. Et wäert awer net manner interessant sinn, wéi sech LSAP an déi gréng hei positionéieren, och si sti jo fir Transparenz.

Illustratioun: © Lucrezia Carnelos / unsplash

Related topics Bertelsmann-RTL, Ëffentleche Service, Gemauschels, Konzessiounsvertrag, Tëlee
Next post Previous post